
© Patrick Greis
Autoimmunkrankheete ginn esou genannt, well eisen Immunsystem sech net nëmme géint alles wat friem ass, wiert, mä leider ginn och eis eegen Organer attackéiert. Bekannt Beispiller sinn d'Maladie d'Hashimoto, wou d'Schilddrüsenzelle futti gemaach ginn oder den Typ 1 Diabetes wou d'Inselzelle leiden. Esou Krankheete ginn et awer géint all Organer a kënne liewensbedreelech gi wéi bei der Maladie de Crohn oder bei MS zum Beispill. Den Dokter Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare weess wat hëlleft.
An der 'Etude vitale' ass randomiséiert Vitamin D an Omega 3 versus Placebo getest ginn, fir ze gesi wéi vill dann den Autoimmunkrankheeten kéint virbeugen. Wärend deene 5 Joer wou d'Etüd gedauert huet, waren déi Leit mam Vitamin D 22% manner betraff vun sou Erkrankungen. No der Etude sinn 21.000 Leit weider 2 Joer iwwerwaacht ginn awer ouni Supplementatioun. Den Omega 3 hat wärend der Studie zwar manner Effekt gewisen, mä huet dofir e bësse méi laang gehalen. Den Effekt vum Vitamin D war besser, mä en ass verluer gaangen.
Dobäi war an där Etüd mol nach net sou vill Vitaminmangel festgestallt ginn.
An der Populatioun waren ongeféier 15% déi ënnert deenen 20 Nanogramm pro Milliliter Vitamin D waren. Mee hei zu Lëtzebuerg hunn ausser den Daachdecker a Männer um Bau iwwer 90% vun der Populatioun Vitamin D Mangel. Also vun O bis O soen se an Däitschland fir d'Wanterpneuen, mee hei gëllt dat och vun Oktober bis Ouschtere fir Vitamin D ze huelen. Da bleift dir gesond.