D’nächst Joer nach e puer Deeg Congé iwwereg a Loscht op Live-Musek ? Hei den Iwwerbléck vun deene gréissten europäesche Festivals 2025!

11/12/2024 Ausbléck Festivals 2025: Rock am Ring, Rock Werchter & Tomorrowland

Traditionell gëtt de Season Opening vun der Festival Saison um LOA Esch gefeiert. D’nächst Joer den 9. an 10. Mee um Belval. D’Tickete sinn elo an der Vente.

Warscheinlech keen anere Festival ass bei Lëtzebuerger esou beléift ewéi de Rock am Ring, vum 6. bis den 8. Juni 2025 um Nürburgring. Mëttlerweil si schonn iwwer 50 Acts bekannt, als Headliner si Bring Me The Horizon, K.I.Z., The Prodigy, Slipknot oder Rise Against mat dobäi.

Dee selwechte Weekend sinn zu Esch am Parc vum Gaalgebierg erëm d’Francofolies. Nom David Guetta dëst Joer, bréngt d’Organisatioun 2025 den Timmy Trumpet, Soprano oder de Julien Doré op Lëtzebuerg.

Weider grouss Rendez-vousen am Juni d’nächst Joer si Pinkpop, Hurricane a Southside vum 20. bis den 22. Juni. Hei spillen zum Beispill den Apache 207 oder de Sam Fender. De Glastonbury Festival ass 2025 vum 25. bis 29. Juni. D’Tickete waren a 35 Minutten ausverkaaft, am Fréijoer gëtt et awer ee Resale mat stornéierten Ticketen.

Deen éischte Weekend am Juli ass direkt de Rock Werchter. Als Headliner stinn ënnert anerem d’Olivia Rodrigo a  Linkin Park op der Bün. Soss sinn nach d’Lola Young, Raye, Rüfüs du Sol oder Fontaines D.C. mat dobäi.

Den 12. an 13. Juli 2025 ass dann erëm de Lollapalooza zu Berlin, déi Woch drop deen zu Paräis. Um Programm stinn David Guetta, Justin Timberlake, The Last Dinner Party, Macklemore, Shaboozey oder Tems.

Vum 18. bis den 20. Juli ass um Fluughafen zu Weeze parallel de Parookaville. Dee selwechte Weekend an dee Weekend drop ass och erëm de legendären Tomorrowland Belgium. D’Pre-Registration ass elo op a mat "Orbyz" steet och schonn d’Thema vun där nächster Editioun fest.

Vum 30. Juli bis den 2. August 2025 pilgeren all d’Metalheads erëm op de Wacken Open Air. D’nächst Joer wäerten ënnert anerem Machine Head, Saltatio Mortis, Papa Roach a Gojira op der Bün stoen. De Wacken Open Air ass scho komplett ausverkaaft, dir kënnt iech awer online nach an d’Waardelëscht androen.

Wie Loscht huet bis op Budapest ze reesen, ka vum 6. bis den 11. August op de Sziget. Mat knapps dräi Stonnen ass de Pukkelpop dann däitlech méi no, deen ass vum 14. bis de 17. August. 

De Season Closing vun der Festival Saison ass dann erëm hei zu Lëtzebuerg mam LOA by Post, den 12. an 13. September 2025!