De Luka Heindrichs a Ben Thommes hu mat hirem Kollektiv am Ufank Concerten, Partys a Festivals ewéi de “Food For Your Senses” organiséiert.  Dass si eng Kéier en eegent Etablissement opmaachen oder iwwerhuele géifen, war am Fong ni geplangt. Dëse Weekend feiert De Gudde Wëllen 10 Joer.

06/12/2024 10 Joer De Gudde Wëllen: Erënnerungen, Booking & finanziell Ënnerstëtzung

Erënnerungen

D’Mark vun de 500 Concerten ass geknackt! Am Duerchschnëtt ginn et am Gudde Wëllen also 50 Concerten am Joer, quasi een d’Woch. An hei hu scho ganz grouss Bands gespillt, respektiv Bands déi duerno ganz grouss gi sinn: Khruangbin zum Beispill oder och Fontaines D.C. Memorabel war och de Concert vu Mutiny on the Bounty, een Dag no den Uschléi am Bataclan.

RTL

© Fontaines D.C. / Blanca Ortiz

Ganz markant war fir de Luka awer virun allem d’Period ier de Gudde Wëllen opgaangen ass: "Dat wat mir iergendwéi u Suen zesummegekraazt hunn, hu mir an d’Anlag gestach, souzesoen an d’Hardware. Déi ganz Aarbecht hu mir esou vill ewéi méiglech selwer gemaach. Meng Mamm ass deemools esouguer nach usträiche komm a soss och Kolleege vun iwwerall. Et sinn einfach ganz vill verschidden Highlights, déi mam Liewen, mat Musek, Feieren oder mam Zesummesinn ze dinn hunn. Et ginn der onmoosseg vill."

RTL

© Renovatioun 2014 / Sven Becker

Booking
De Gudde Wëllen organiséiert den Usina Festival zu Diddeleng mat an ass zum Beispill och bei der Fête de la Musique dobäi. Am Gudde Wëllen selwer gëtt et eng ganz divers Programmatioun: Board Game Nights, Quiz-Owender, Karaoke, awer haaptsächlech natierlech Concerten. Fir de Booking schafft ee vill mat anere Kollektiver ewéi dem Läbbel oder Ultraschall zesummen: "A fir de Rescht gi mir all Joers op sougenannte Showcase Events. Dat sinn am Fong esou Foirë fir Musek, där ginn et an alle Länner. Et gëtt zum Beispill eng grouss zu Hamburg, zu Groningen an Holland, zu Paräis, Bréissel an esou weider. Op déi Events gi mir dann, kucken dann do wat vu klenge Bands an Entwécklungskënschtler wäerten touren an da probéiert een iergendwéi déi Saachen ze detektéieren déi Potential hunn a gutt heihinner passen."

RTL

© Laurent Sturm

Finanziell Ënnerstëtzung
De Gudde Wëllen ass eng zimmlech kleng Venue. Wéinst den héije Käschte géif ee reng mat de Concerten absolutt net iwwert d'Ronne kommen, seet de Luka Heindrichs. Dofir wier een awer ëm esou méi frou, dass de Loyer vum Staat erschwénglech wier an een zanter e puer Joer d’Méiglechkeet hätt d’Terrass op der Corniche ze exploitéieren: "Vun Oktober bis Abrëll verléiere mir Suen. D’ass schonn esou, dass mir zwou Saisonen hunn. An där enger schaffe mir vill kulturell an där anerer stoppe mir d’Lächer. Dat geet dann awer och net all Joers op, dat ass wierklech ofhängeg vum Wieder. Dat lescht Joer war zum Beispill guer kee gutt Wieder. Bis den August huet et vill gereent, dat spiert een dann direkt."

RTL

© Nicole Olenskaia

De Luka Heindrichs ass frou, dass de Kulturministère elo erëm nei Subsidë fir Entreprisen aus dem kulturelle Beräich proposéiert. Plaze wéi de Gudde Wëllen wieren nämlech d’Basis fir Kënschtler a Professioneller aus dem Musekssecteur, a géifen d’Lëtzebuerger Kultur-Offer méi accessibel fir de Public maachen.

06/12/2024 10 Joer De Gudde Wëllen: Speziell Aura, nei Projeten & Gebuertsdag

Speziell Aura
De Gudde Wëllen ass eng vun deenen ikoneschste kulturelle Plazen hei zu Lëtzebuerg. De Gudde Wëllen huet déi ganz besonnesch Aura. Et wéilt een haaptsächlech Momenter schafen a Plaze kreéieren, wou Leit an eng Welt antauche kéinten, seet de Luka Heindrichs. "Ob dat elo hei an eise véier Maueren ass oder dobaussen op engem Site, dee mir speziell dofir amenagéieren: D’ass ëmmer d’Erfarung déi am Zentrum steet, vun deem wat mir wëlle maachen."

RTL

© Ted Kayumba

Nei Projeten
A genee esou een neie Site wäert et vum Mee d’nächst Joer u ginn. Nieft dem Gudde Weather op der Corniche, där warscheinlech schéinster Terrass am Land, mécht de Gudde Wëllen an der Stad eng weider Terrass am Kader vun der Expo "LUGA" (Luxembourg Urban Gardening) op. "Dat ass, ganz graff gesot, tëschent der Kinnekswiss an der Villa Vauban. Dat heescht déi Strooss wou den Tram fiert. Dat ass eng super schéi Plaz mat richteg ale Beem. Mir sinn amgaangen dat ze plangen, fir dass dat am Gudde Wëllen-Stil eng Plaz gëtt déi waarm a wëllkommend ass", seet de Luka Heindrichs.D’Ekipp aus dem Gudde Wëllen géif enorm gäre schafen, nei Saache probéieren an et wiere vill Iddien do. Eventuell wéilt een erëm ee Festival organiséieren, op deem een och kéint schlofen. Do hätt een awer nach keng Plaz fonnt.

"10 sweaty years of De Gudde Wëllen"
Elo ginn awer emol “10 sweaty years of De Gudde Wëllen” gefeiert. D’Soirée de 6. Dezember ass méi elektronesch: "Op deenen dräi Stäck ginn et verschidden DJs an zum Beispill och een Elektro-Live-Set vum franséische Kënschtler Odyssee. An dann sinn DJs do, déi vill mam Haus ze dinn hunn: Katy de Jesus, Fonclair, Chook oder Maximilion. Dat si Leit, déi säit ëmmer och vill un der Gestaltung vun dëser Plaz bedeelegt sinn."

Samschdes stinn da Concerten am Fokus. Um Line-Up stinn ënnert anerem lëtzebuergesch Projeten ewéi Ice In My Eyes, Das Radial oder Napoleon Gold. Donieft kommen awer och Miki aus Frankräich oder Baby Berserk aus Holland. De Luka Heindrichs hat Baby Beserk selwer entdeckt: "Dat ass eng cool Fraeband, déi ech eng Kéier an Holland entdeckt hunn. Dat war eng Plaz déi bësse war wéi déi hei. Ech hat d’Gefill ech war bëssen an engem Film. Déi Zeen war filmräif an och wéi si optrieden, dat huet eppes ganz visuelles a super spannendes."

"10 sweaty years of De Gudde Wëllen” – e Freide vun 20:00 Auer un, e Samschde vu 18:00 Auer un. D’Virverkafstickete sinn alleguer fort. Et ginn awer nach Ticketen un der Oweskeess. First come, first served – heescht fréi u sinn!

Happy Birthday DGW!

RTL

© DGW