... 175 Joer schreift e neit Gesetz vir, dass engem Mariage en zivilt Bestietnis virausgoe muss, an et léisst och eng Scheedung zou. Genee 100 Joer méi spéit gëtt et hei zu Lëtzebuerg och per Gesetz méiglech, sech am géigesäitegen Zoustëmme scheeden ze loossen.

06/02/2025 Haut virun...

Mam Vertrag vu Waitangi fält 1840 Neiséiland ënner brittesch Herrschaft. De sougenannten Treaty tëscht dem UK an de Vertrieder vun de Maori-Stämm mécht d'Land zu enger brittescher Kolonie a representéiert den Ufank vun der moderner Staatlechkeet a Neiséiland. Dowéinst ass de 6. Februar hire Nationalfeierdag.

1919 kënnt di Däitsch Nationalversammlung zesumme fir eng Verfassung auszeschaffen, fir esou de revolutionären Iddien an Onrouen zu Berlin z'entgoen. Berode gëtt zu Weimar - dohier spéider den Ausdrock Weimarer Republik.

1952 stierft de brittesche Kinnek George VI. Successeur gëtt nach dee selwechten Dag seng 25 Joer jonk Duechter Elizabeth II, déi zu deem Zäitpunkt grad op Staatsvisitt a Kenia ass.

1958 fält bei München e Passagéierfliger erof. 23 vun de 44 Persounen u Bord kommen ëm d'Liewen, dorënner di hallef Ekipp vu Manchester United, déi vun engem Futtballmatch zu Belgrad zréckkommen. D'Ongléck ass och bekannt ënnert dem Titel Munich Air Disaster.

2012 gëtt de spuenesche Cyclist Alberto Contador wéinst Dopping fir 2 Joer gespaart. Réckwierkend verléiert hien d'Victoirë beim Giro d'Italia 2011 a beim Tour de France 2010. De Maillot Jaune vum Gewënner krit den Zweetplacéierten: den Andy Schleck.

1911 kënnt de Ronald Reagan op d'Welt. No der Filmkarriär zu Hollywood bleift hien a Kalifornien a gëtt Gouverneur, an ass an de 1980er Jore Präsident vun den USA. Dowéinst gëtt haut a Kalifornien och de Ronald-Reagan-Dag gefeiert.

Op Jamaika ass et haut de Bob-Marley-Dag. De wuel bekanntste Jong vum Inselstaat an der Karibik wier haut 80 Joer al ginn.