... 33 Joer gëtt zu Maastricht den Traité iwwer d'Europäesch Unioun ënnerschriwwen. Dodra ginn di 3 europäesch Saile festgeluecht vun der Gemeinschaft, vun der gemeinsamer Bannen- a Baussepolitik a vun der Zesummenaarbecht vu Police a Justiz. Dësen Traité vu Maastricht trëtt den 1. November 1993 a Kraaft.

07/02/2025 Haut virun...

1940 feiert dem Walt Disney säi Film Pinocchio Weltpremière. No Schneewittchen ass et den zweete groussen Animatiounsfilm vun Disney, deen zwar mat 2 Oscaren ausgezeechent gëtt, ugangs awer keen internationale Renner ass. Nom Zweete Weltkrich kënnt e nei eraus a gëtt zum grousse Succès. Pinocchio gëllt bis haut als ee vun de beschten Zeechentrickfilmer iwwerhaapt.

Heivir am Saarland kënnt et 1962 zu enger Explosioun an enger Kuelegrouf. No bei Völklingen kommen 299 Biergleit ëm d'Liewen - vun de 664 Aarbechter an der Grouf bleiwen der just 61 onverletzt. Bis haut ass et dat schwéierste Grouwenongléck an Däitschland.

1986 kommen eng Fra an hir Duechter an den USA un, nodeems se annerhalleft Joer laang vun hirem Mann a Papp am Iran festgehale gi waren. Hir Odyssee schreift se néier am Millioune-Bestseller Not without my daughter (net ouni meng Duechter). Och d'Adaptatioun fir Hollywood mam Sally Field an der Haaptroll ass e grousse Succès. Aus Angscht virun Entféierung muss se hire Numm änneren.

Haut virun 30 Joer gëtt zu Islamabad de Ramzi Ahmed Yousef festgeholl. Hie gëtt verdächtegt, 1993 de Kapp hannert dem Bommenuschlag op de World Trade Center ze sinn. Pakistan liwwert de Yousef spéider un d'USA aus, wou en zu 240 Joer Prisong wäert verurteelt ginn.

De japanesche Keeser Akihito mécht 1998 di Olympesch Wanterspiller zu Nagano op. 72 Natiounen maache mat, am Äiskonschtlaf ass mam Patrick Schmit den eenzege Lëtzebuerger dobäi. Den Éisträicher Hermann Maier huet an der Ski-Descente eng schwéier Chute, gewënnt an den Deeg duerno awer jeeweils Gold am Super-G an am Riseslalom.

Haut ass den internationalen Dag vum Ballet. Entstanen am 15. a 16. Joerhonnert, ugangs de Männer virbehalen, ass et haut meeschtens ee vu Musek begleete Bünendanz, dee sech ënnerdeele léisst an zäitgenösseschen Danz, Modern Dance oder Danztheater.

RTL

© Pixabay

Ee Mann, dee mat Ballet éischter wéineg ze dinn huet, feiert haut säin 71. Gebuertsdag - den däitsche Produzent a Museker Dieter Bohlen.