
© Pixabay
... 54 Joer kréien däitsch Zaldoten d'Erlabnis, laang Hoer an e Baart ze droen. Béides muss awer gefleegt sinn an d'Hoer ginn am Déngscht an engem Netz gedroen, fir dass d'Zaldote net bei hiren Aufgabe behënnert ginn. Aus deem Grond muss d'Bundeswehr 740.000 Hoernetzer kafen.
Fir den Guiseppe Verdi ass déi zweet déi richteg Première vu senger Oper Aida. 1871 war des zu Kairo an Ägypten virun engem ausgewielte Publikum uropgefouert ginn. Dem Maestro hat dat awer net geschmaacht an hien hat déi Opféierung och geschwänzt. 6 Woche méi spéit, den 8.Februar 1872, ass et fir de Komponist di gefillt richteg Première mat enger imposanter Performance an der Scala zu Mailand.
Haut virun 110 Joer gëtt zu Los Angeles de Stommfilm Birth of a Nation uropgefouert. Et wäert dee finanziell erfollegräichste Film vun där ganzer Stommfilmära ginn a gëllt zwar als Meilesteen vun der Filmgeschicht, ass awer u sech eng rassistesch Verherrlechung vum Ku-Klux-Clan.

© Pixabay
1919 grënnen di 3 franséisch Bridder Henry, Maurice an Dick Farman di éischte Fluggesellschaft vun der Welt. Hir Fligeren (an och Autoen d'ailleurs) bauen se selwer. Aus de sougenannte Lignes Aériennes Farman entsteet 1933, zesumme mat 4 aner Airlinen, di haut bekannten Air France.
1992 ass et di feierlech Ouverture vun den Olympesche Wanterspiller zu Albertville a Frankräich. 64 Natiounen huelen drun deel, fir di éischt Kéier nom Fall vun der Mauer och rëm eng gesamtdäitsch Ekipp. Eenzege Lëtzebuerger um Depart ass de Marc Girardelli, deen am Super G an am Riseslalom jeeweils d'Sëlwermedail gewënnt. Et ass di leschte Kéier, dass Wanter- a Summerspiller am selwechte Joer ausgedroe ginn.
1882 kënnt den Thomas Selfridge op d'Welt. Amerikanesche Militär, deen Ufank vum 20. Joerhonnert di deemools nach nei Loftfaart fir säi Patron analyséiert. Näischt Besonnesches, mee de Mann geet an d'Geschicht an als éischt Doudesaffer an der Loftfaart, wéi en 1908 zesumme mat engem vun den Orville-Flugpionéier bei engem Testvol eroffält.
1931 kënnt den James Dean op d'Welt. Den Theater- a Filmschauspiller stierft mat 24 Joer bei engem Autosaccident, a gëtt duerno nach 2x posthum fir den Oscar als beschten Haaptacteur nominéiert.