
© Pixabay
... 56 Joer flitt eng éischte Kéier d'Boeing 747. Di gréisstendeels zivil genotzte Maschinn mam charakteristeschen Design ass bis 2005 de gréisste Verkéiersfliger vun der Welt. Vum "Jumbojet" ginn am Ganze 1574 Stéck gebaut - dee Leschte gëtt virun 2 Joer ausgeliwwert.
Den US-amerikaneschen Tennisspiller Dwight F. Davis stëft haut virun 125 Joer eng Coupe aus Sëlwer, déi no him benannt ass. De sougenannten Davis-Cup gëtt ugangs tëscht Amerikaner a Britten ausgespillt. Entretemps spillen all Joer méi wéi 150 Natiounen ëm dëse wichtegste Präis fir Nationalequippen am Tennis.
Erik Rotheim heescht dee Norweger, dee 1926 seng Erfindung presentéiert mat där hien seng Schi besser wuesse kann. D'Spraydous. Him ass awer direkt bewosst, dass een domat net just Wuess, mee och Ueleg, Fett, Faarf, Lack, Seef a soss allméiglech organesch an anorganesch Flëssegkeete ka versprëtzen, a séchert sech seng Erfindung via Patent. Eenzege Problem: ugangs ass den Dreifgas méi séier aus der Dous eraus wéi hire Contenu.

© Pixabay
1960 krit di amerikanesch Actrice Joanne Woodward deen alleréischte Stär um Hollywood Walk of Fame. Do ass et den offizielle Spuedestéch fir de Projet, deen eigentlech schonn 2 Joer méi fréi ugefaangen hat, fir de Leit eng Iddi dovun ze ginn. De Walk of Fame erstreckt sech iwwer 15 Blocke vum Hollywood Boulevard a besteet aktuell aus knapp 2800 Stären. 4 Stéck goufen der bis elo geklaut, an deen eenzege Stär dee net um Buedem mee un enger Mauer agelooss ass, ass dem Muhammad Ali säin. Hie wollt net, dass de Numm vu sengem Prophéit mat Féiss getrëppelt gëtt.
1982 kënnt eent vun de bekanntsten an erfollegräichste Lidder aus der Neuen Deutschen Welle eraus. 84x gëtt da dra gesongen, an 18x aha. Da da da vun Trio verkeeft sech méi wéi 13 Millioune mol, gëtt e Welthit mee packt et awer net ganz un d'Spëtzt vun den däitsche Singlecharts. Do huet ee gewëssent Nicole eppes dogéint.
2004 gëtt den US-Präsident George Bush an engem Tëleesinterview fir di éischte Kéier zou, dass Zweiwel un der Existenz vun de Massevernichtungswaffen am Irak gerechtfäerdegt sinn. Trotzdeem wier de 6 Woche laange Krich, deen d'Joer virdrun zum Stuerz vum Hussein-Regime gefouert hat, néideg gewiescht. Um Enn vun der Besatzung ass awer bis haut net wierklech Rou agekéiert am Irak.
Hollywood feiert den 82. Gebuertsdag vum Joe Pesci. 1991 huet hie fir seng Roll am Mafiafilm GoodFellas den Oscar krit, an ass donieft bekannt fir seng Optrëtter a Filmer wéi Home Alone, Lethal Weapon, The Irishman oder Casino. An da kuckt Dir him a sou engem Film mol déif an d'Aen. Di hunn ënnerschiddlech Faarwen.
Haut ass den Dag vum Zännwéi, an den Dag vum Bestietnis. Zoufall?

© Pixabay
1981 stierft de Bill Haley, US-amerikanesche Rock'n Roll-Pionéier.