De 17.Mee ass d'Finall vum Eurovision Song Contest. Fir Lëtzebuerg trëtt jo d'Laura Thorn op mat sengem Lidd "La poupée monte le son". Wat mécht d'Konkurrenz? Lues a lues ginn uechter Europa ëmmer méi Lidder fir den ESC '25 bekannt. Éischte Sondagë no ass eent vun eise Nopeschlänner ënnert de Favoritten.

06/02/2025 Konkurrenten a Favoritten

Lo Ufank des Mounts si weider ESC-Kandidate bekannt ginn, dorënner de Red Sebastian, dee fir d'Belsch op Basel wäert fueren.

Mat sengem Elektropopsong Strobe Lights gëllt hien an de Wettbüroen aktuell als gréisste Favorit op den Titel. Di éischte Plaz krit en do awer streideg gemaach vun der israeelescher Sängerin Yuval Raphael, déi d'Massaker vun den Hamas am Oktober '23 iwwerlieft huet.

Fir Spuenien geet de fréiere Kannerstar Melody mam Lidd Esa Diva an d'Course. Domat ass dat éischte Lidd vun de sougenannte "Big 5" Länner bekannt. Spuenien ass nieft Däitschland, Groussbritannien, Frankräich an Italien sécher an der Finall.

Slowenien schéckt de Klemen op den ESC mat der Ballad How much time do we have left.

Fir Éisträich trëtt den JJ un - eigentlech en Operesänger, deen awer och schonn an der Finall stoung vum Popmusek-Concours Starmania. Wéi di Mëschung aus Pop an Oper klénge wäert, ass nach geheim - just den Titel vum Song Wasted Love hu se verroden.

Klavida heescht d'Sängerin, déi Griicheland op den ESC schéckt. Mat Asteromáta trëtt di 22 Joer jonk Finalistin vun The Voice of Greece un a wëllt och zu Basel zu de Favoritte gehéieren.

Dat hollännescht Lidd fir den ESC gëtt vum Claude gesongen. De gebiertege Kongolees ass an enger interner Selektioun ënner 330 Konkurrenten ausgewielt ginn. Och hei gëtt d'Lidd réischt spéider verroden.

Och keen ëffentleche Concours gouf et a Frankräich. Eigentlech wollte se bis Mëtt Mäerz waarde mat hirer Decisioun, mee entretemps ass dann awer erauskomm a confirméiert, dass keen anert wéi d'Louane fir eis Nopere wäert optrieden.

Zypern huet sech fir den Theo Evan decidéiert. Vu Klengem un Sänger, Dänzer an Acteur. Dem Théid säi Lidd gëtt och réischt spéider bekannt, mee eent ass wuel sécher: et wäert dra gedanzt ginn.

Tschechien gëtt um ESC vertruede vum Adonxs. Änlech Karriär hei: sangen, danzen, schauspillen, modelen. De queeren Artist mat der déiwer Stëmm, deen d'Castingshow SuperStar gewonnen huet, wëllt mat sengem Lidd Kiss Kiss Goodbye eng frech Performance ofliwweren.

Lëtzebuerg steet aktuell iwwregens op der drëttleschter Plaz an de Wettbüroen. Mee bis Mëtt Mee leeft jo nach vill Waasser d'Musel erof.

Mat Albanien a Montenegro si mir dann elo bei 13 vu 37 Länner, déi op d'mannst mol hiren Artist bekannt gemaach hunn.

Lo nächste Weekend kommen dobäi: e Freide wielt Irland, e Samschdeg ass et un der Ukrain, un Finnland, Lettland a Malta.