Haut ass d'Ouverture vun der 75. Berlinale, déi iwwregens vum Désirée Nosbusch moderéiert gëtt. De Festival krut dëst Joer eng nei Direktioun. Mécht dat sech scho bei dëser Editioun bemierkbar, Joy Hoffmann?

Déi nei Directrice Tricia Tuttle kënnt vum Londoner Filmfestival...an éierlech gesot, ech gesi keen neie Wand blosen....fir de Moment. Wuel ass di ganz onduerchsichteg Sektioun "Encounters" ersat ginn duerch eng nei, kloer definéiert Sektioun"Perspektiven", déi just 1. Filmer weist, mee wat soss d'Programmatioun ugeet gesinn ech keng nei Orientatioun. ((De Festival gëtt sech nach ëmmer politesch, wat se ni zu Venedeg oder Cannes esou géife vun sech behaapten.)) Wat de Festival séit enger gutt 10 Joer charakteriséiert ass de Manktem u groussen Nimm. Souguer am Jury, ass dëst Joer ausser dem President, dem US Realisateur Todd Haynes,  kaum e wierklech bekannten Numm derbäi; villäicht kennt een och nach di däitsch Actrice a Realisatrice Maria Schrader.

RTL

© Maria Schrader (Jury) (c)Christine Fenzl

Soss wäert  den Timothée Chalamet de grousse Star sinn. Hien ass op Europa Tournée fir d'Promotioun vu sengem Bob Dylan Film," A complete unknown", genau wéi  de Robert Pattinson fir "Mickey 17", zwee prestigiéis Filmer déi wärend oder direkt no Berlin an d'Kinoe kommen. Par konter an der Competitioun selwer, muss ee schonn en agefleeschte Cinéphile sinn, fir e puer méi bekannten Nimm op ze dreiwen.

RTL

© Timothée Chalamet ("A complete Unknown") (c)2024 Searchlight Pictures

An dat wären?
 
Zum Beispill de mexikanesche Film "Dreams" vum Michel Franco mam Jessica Chastain, oder deen eenzegen Amerikanesche Film a Competitioun "Blue Moon"  vum Richard Linklater mam  Ethan Hawke a Magaret Qualley an den Haaptrollen.
Ee vun de Problemer vu Berlin ass jo, dass de Festival matzen an der Oscar Period leit  an de Festival doduerch oninteressant gëtt fir amerikanesch Filmer.

RTL

© Jessica Chastain ("Dreams") (c)Teorema

Mee och  déi franséisch Filmer, där ëmmer e puer zu Berlin a Competitioun sinn, sinn dës Kéier kaum bekannt. E Leonor Serraille oder e Lucille Hadzi-lolilovic, dat ëmmerhin   d' Marion Cotillard mat op Berlin bréngt, wäerte wuel deene wéinegsten e Begrëff sinn. Et geet och wuel kaum e  franséische Film fräiwëlleg op Berlin, ausser e krut eng Ofso oder zumindest keng fest Zouso zu Cannes.
 
Mussen et dann ëmmer grouss Nimm si fir e gudde Festival ze hunn?.
 
Natierlech net. Mee grouss Nimm sinn eng Saach vu Prestige, se kreéieren zumindest den Hype oder Kontroversen, wéi zum Beispill d'lescht Joer zu Cannes dem Francis Ford Coppola säin "Megapolis", oder zu Venedeg "Babygirl" mam Nicole Kidmann, och wann dës Filmer um Enn sech als méi penibel, wéi gutt erwisen hunn. Wann een awer elo siche geet, gesäit een, dass di meescht, och fir mech, zum Deel onbekannte Realisateuren oder Realisatricen an der Berliner Competitioun , dach virdru Filmer gemaach hunn, déi gutt Kritiken krute,  esou dass en sech awer en duerchaus interessante Festival kann erwaarden....an ëmsou méi grouss ass de Pleséier wierklech Onbekanntes ze entdecken!!