
Muer ass d'Ouverture vun der 75. Berlinale, mat dem Désirée Nosbusch als Maîtresse de Cérémonie. En éischten Optrëtt fir eng soss och exzeptionell staark Lëtzebuerger Presenz op der Berlinale, Joy Hoffmann.
Esou wäit ech weess hate mer dat zu Berlin nach ni. Et ass villäicht méi einfach zu Berlin an d'Competitioun ze kommen, wéi zu Cannes oder Venedeg, mee ëmmerhin hu 4 Lëtzebuerger Koproduktiounen et gepackt fir ënnert de 19 auserwielte Filmer ze kommen. Dee wuel ausgefalenste Film an der Competitioun iwwerhaapt, ass "Reflet dans un diamant mort" vun den 2 Belsch Hélène Cattet a Bruno Forzani, coproduzéiert vun LES FILMS FAUVES. Et ass dëst e bizarre, survoltéirte Pastiche op europäesch Trash Agentefilmer aus de 60er a 70er Joren.

© Reflet dans un Diamant mort (c)Cattet-Forzani
Méi Mainstream dogéint ass de Schwäizer Film LA CACHE vum Lionel Baier, mam rezent verstuerwene Michel Blanc, a senger leschter Roll. Et ass eng Adaptatioun vum autobiographesche Prix Femina Roman vum Christophe Boltanski, ronderëm eng jiddesch Famill déi sech wärend dem Mee 68 zu Paräis an hiert risegt Appartement zeréck gezunn hunn, a wou no an no d'Vergaangenheet vun der Famill erëm eropkënnt. Hei ass RED LION de Lëtzebuerger Koproduzent.

© La cache (c) Véronique Kolber
Deen drëtte Lëtzebuerger Beitrag ass dann deen eenzegen Dokumentär an der Competitioun. Et kann een dervun ausgoen, dass dee vill Opmierksamkeet op sech wäert zéien, fir d'éischt wéinst dem Sujet: e weist wéi an der Ukrain d'Schoulen trotz Krich weider fonctionéieren, souwuel am Land wéi och no un der Front, awer dann och well di zwee lescht Joren de Gëllene Bier all Kéier un en Dokumentarfilm gaangen ass. Di Lëtzebuerger Firma A-Bahn huet de Film vun der ukrainescher Realisatrice Kateryna Gornostay koproduzéiert.
An dann ass do och nach de Film "Kontinental'25", deen zwar net vum Filmfong, awer vum Paul Thilges ënnerstëtzt gouf. De rumänesche Realisateur Radu Jude steet héich am Kurs fir seng originell a bësseg Kritik u kulturelle, sozialen, a politesche Mëssstänn an onser Gesellschaft. Ëmmerhin hat hie viru 4 Joren de Gëllene Bier gewonne mat "Bad Luck Banging Loony Porn".
A fir mat der Competitioun ofzeschléissen, spillt d'Vicky Krieps och nach eng Haaptroll am englesche Film "Hot Milk", niewent der Emma Mackay, déi jo duerch d'Serie "Sex Educatioun" bekannt gouf.

© Hot Milk(Emma Mackay, Vicky Krieps) (c) Nikos Nikolopoulos/MUBI
An dat ass nach net alles?
Nee, da sinn nach zwou weider Lëtzebuerger Koproduktioune jeeweils an enger vun den Niewesektioune selektionéiert. Am Panorama gëtt "Confidente" gewisen en tierkesche Film co-produzéiert vu Bidibul, an an der Sektioun Forum leeft di däitsch Produktioun vu Wady Films "Der Kuss des Grashüpfers" mam Sophie Mousel an enger Haaptroll. All dat wäert ons vill Beschäftegung zu Berlin bréngen.