... 94 Joer geet Radio Vatikan fir di éischte Kéier op Sendung mat engem Message vum Poopst Pius XI. D'Statioun sent entretemps a 45 verschiddene Sproochen, déi jee 20 Minutten Zäit ze gutt hunn, fir hire kierchlechen a weltleche Contenu z'iwwerdroen.

12/02/2025 Haut virun...

Haut virun 193 Joer keeft Ecuador de Spuenier d'Galápagos-Inselen am Pazifik of, well déi näischt domat kënnen ufänken. Vun den 115 Insele sinn der haut 5 besidelt, an der Haaptsaach mat Militär. Soss dierf kaum ee Mënsch dohin, Flora a Fauna gehéieren zum UNESCO-Weltnaturierwen. D'Wuert Galápago (spuenesch fir eng Aart Suedel) bezitt sech iwwregens op de Panzer vun de groussen Deckelsmouken, déi sou änlech wéi e Suedel ausgesinn.

Um Times Square zu New York start 1908 Di grouss Course ronderëm d'Welt. 6 Autoe starte Richtung Westen, fir iwwert eng Route duerch Asien zu Paräis unzekommen. Mat 169 Deeg ass et et dat bis haut längste Motorsportevent vun der Welt. Um Enn gewënnt den Amerikaner George Schuster mat enger Avance vu 26 Deeg - bis haut di längsten Avance op een Zweeten.

1924 gëtt Rhapsody in Blue zu New York uropgefouert. De Komponist George Gershwin sëtzt dobäi selwer um Piano. Säin Experiment an der moderner Musek, mam Versuch Jazz a Blues mat Klassik ze kombinéieren, gëtt net vun alle Kritiker gutt geheescht. Haut sinn d'Melodië vun deem Wierk weltberüümt.

1979 ass et zu Genf an der Schwäiz den Ufank vun der éischter Weltklimakonferenz, op Bedreiwe vun der Weltorganisatioun fir Meteorologie. Di nächst Renconter fir iwwer Méiglechkeete zum Natur- a Klimaschutz ze beroden, gëtt réischt 9 Joer méi spéit zu Toronto a Kanada gehalen. Zanter 1995 ass et all Joers di sougenannte COP (Conference of Parties).

1994 ass et zu Lillehammer a Norwegen di feierlech Ouverture vun de XVII. Olympesche Wanterspiller. 1739 Athleten aus 67 Natioune maache bei de sougenannte frëndleche Spiller mat. Eenzege Lëtzebuerger um Depart, fir di leschte Kéier, ass de Marc Girardelli, deen am Super-G awer sou just keng Medail gewënnt.

Am US-Senat zu Washington geet 1999 d'Impeachmentprozedur géint den deemolegen US-President Bill Clinton op en Enn. Am Kader vun der Lewinsky-Affär goufen dem Clinton Falschausso ënner Eed a Behënnerung vun der Justiz virgeworf. Fir e Scholdsproch kënnt um Enn awer keng Zweedrëttelmajoritéit zustanen.

Haut viru 25 Joer stierft den Charles M. Schulz. Den amerikaneschen Zeechner ass de Papp vun de Peanuts, vun deenen hie bal 18.000 Strippe realiséiert huet. Via Testament huet de Schulz festgehalen, dass keen Anere seng Geschichte vun Charlie Brown a Co dierf weiderféieren.

An da feiere mir haut nach den Charles Darwin Dag an den Abraham Lincoln Dag. De brittesche Naturwëssenschaftler an den amerikanesche President sinn dee selwechten Dag op d'Welt komm.