
© afp
D'Nintendo Switch ass 2017 op de Marché komm, ass an der Coronazäit enorm populär ginn a mëttlerweil esouguer déi erfollegräichst Konsol vun Nintendo! Aacht Joer laang hunn d'Fans missen op déi nächst Generatioun waarden, elo steet d'"Nintendo Switch 2" an de Startlächer, Chris Reuter.
Zwou Minutten an eenanzwanzeg Sekonnen dauert de Video mat deem Nintendo déi nei Konsol op sengem YouTube-Kanal ukënnegt. Och wa ganz vill Detailer nach feelen, sinn déi éischt Andréck villverspriechend! D'Gehais, an deementspriechend och de Bildschierm, gi bei där neier Switch méi grouss. Waren déi ofmontéierbar Joycons beim Virgänger nach rout a blo, sinn se elo ganz elegant komplett schwaarz gehalen. Faarweg Elementer, lénks blo a riets eng gefillt e bësse méi pastell rout, fënnt een elo just nach um Connexiounsstéck bannen a ronderëm den Joystick. Wéinst deem méi groussen Display sinn d'Knäpper cher an den Joystick op deenen Joycons och méi grouss a verspriechen eng angeneem Notzung.
Nintendo kënnegt an hirem Virstellungsvideo och un, dass d'Switch 2 no ënne kompatibel wäert sinn. Dat heescht vill Spiller déi een op der Switch vun där éischter Generatioun spille kann, lafen och op där neier Konsol. Ob dat fir alleguer d'Spiller gëllt oder ob et Ausname ginn, ass nach net kloer. À propos Spiller: Am Trailer gëtt een neit "Mario Kart"-Spill ugedeit. Dat wier och e logesche Schrëtt, wann ee bedenkt, dass "Mario Kart 8 Deluxe" dat meescht verkaafte Spill fir d'Switch ass - an och schonn aacht Joer an de Regaler steet.
Beim Präis an de Release Datum hält Nintendo sech nach bedeckt. Fir den 2. Abrëll huet den Hiersteller allerdéngs eng Presentatioun mat weideren Informatiounen ugekënnegt, déi wuel och weltwäit iwwerdroe gi soll. E puer Fans déi Ticketen ergattert hunn, hunn am Abrëll och d'Méiglechkeet déi nei Nintendo Switch 2 op speziellen Events zu Berlin, Paräis, London oder New York exklusiv ze testen. Zimmlech sécher wäert déi nei Switch also iergendwann no Abrëll erauskommen, awer op allefalls nach dëst Joer!