
© Pixabay
... 37 Joer fänken zu Calgary a Kanada di XV. Olympesch Wanterspiller un. Ënnert de 57 Natiounen ass fir di éischte Kéier zanter 1936 rëm Lëtzebuerg dobäi. De gebiertegen Éisträicher Marc Girardelli start fir de Grand-Duché an 3 alpine Schikompetitiounen.
2 brittesch Afrikafuerscher hunn et sech 1858 zum Zil gesat, d'Quell ze fanne vum Nil. Bei där beschwéierlecher Sich stoussen se als éischt Europäer zum Tanganjikaséi vir. Et stellt sech eraus, dass dat dee sechstgréissten an deen zweetdéifste Séi vun der Welt ass, deen a 4 verschiddene Staate läit. Dem Nil seng Quell fannen se net - dësen entspréngt iwwregens an de Bierger vu Ruanda a Burundi an huet 2 Quellflëss.
Haut virun 80 Joer ass et deen éischte vun dräi Deeg, op deenen di Alliéiert Loftattacke fléien op Dresden. Di däitsch Stad ass no 4 Nuechten bal ganz zerstéiert, eng 25.000 Leit komme bei de schwéiere Bombardementer ëm d'Liewen.
Frankräich féiert 1960 säin éischten nuklearen Test duerch. Am algereschen Deel vun der Sahara gëtt eng iwwerierdesch Atombomm gezünt, déi 4x sou staark ass wéi déi vun Hiroshima. Si ass benannt no der gerboise bleue, enger Sprangmaus déi do an der Wüüst doheem ass. 16 weider Tester kommen an de 6 Joren duerno dobäi, dorënner nach 3 weiderer iwwert dem Buedem.
Nom Doud vum Juri Andropow krit d'Sowjetunioun 1984 mam Konstantin Tschernenko e neie Generalsekretär a Staatschef. Dëse stierft nëmmen 13 Méint méi spéit a säi Nofollger gëtt 1985 de Michail Gorbatschow.
Mat All Eyez on Me kënnt 1996 deen éischten duebele Rap-Album op de Marché. Den Amerikaner Tupac Shakur klëmmt domat un d'Spëtzt vun de Billboard Charts a verkeeft gutt 6 Milliounen Exemplaire vun deem duebelen Disk. Et sollt dem Tupac säin zweetleschten Album sinn.
Dee selwechten Dag musse weltwäit Noutfallzenteren ageriicht ginn. Di brittesch Boygroup Take That gëtt hir Trennung bekannt. Dausende weiblech Fans musse getréischt ginn. D'Opléisung gëtt public gemaach um Robbie Williams sengem 22. Gebuertsdag, deen d'Joer virdrun aus der Band geflu war.
De Robbie gëtt haut also 51 Joer al, an et ass de 75. Gebuertsdag vum Peter Gabriel. Fréier Frontmann vun Genesis an och als Soloartist immens erfollegräich.