
© Pixabay
... 102 Joer gëtt dem alägyptesche Kinnek Tutanchamun säi Graf opgemaach, dat 2 Méint virdrun am Dall vun de Kinneke fonnt ginn ass. Nieft sëllege Schätz gëtt bei den Ausgruewungen och dem Pharao seng berüümten Doudemask entdeckt.
1882 gëtt d'Eisebunnslinn tëscht der Stad Lëtzebuerg a Réimech ageweit. Op dësem gutt 27km laangen Tracé fiert eng Schmuelspuerbunn, déi am Volleksmond Jangli genannt gëtt. Dat passend Lidd dozou vu Colette a Fernand baséiert op engem amerikanesche Song vu 1944. Bis 1955 fiert de Jangli. Net just den Houwald erop. Et gëtt och nach Strecken tëscht Kruuchten an der Fiels, a vu Beetebuerg op Uespelt.
Vun deenen Enge gehaasst oder gefaart, vun deenen Anere veréiert a bewonnert - 1959 gëtt de Fidel Castro Ministerpresident vu Kuba. Als Staats- a Regierungschef wäert hien di nächste 49 Joer d'Entwécklunge vu sengem Land prägen. Säi Brudder Raúl gëtt zum Chef vum Militär ernannt.
Irak, Jordanien, Ägypten a Nordjemen grënne 1989 zu Bagdad den Arabischen Kooperatiounsrot. Zil vun deem Bündnis sollen d'Eenheet, d'Solidaritéit an d'Stäerkung vun der arabescher Natioun sinn. Mee trotz Kooperatiounsofkommes a weidere Pläng kënnt just eng Aart Fräihandelszon zustanen, sou dass déi wirtschaftlech Allianz no engem gudde Joer rëm opgeléist gëtt.

© Pixabay
2005 trëtt de Kyoto Protokoll endlech a Kraaft, nodeems e scho 7 Joer méi fréi beschloss gi war. Di 191 Länner déi ënnerschreiwen, verflichte sech hiren Ausstouss vun Zäregasen ëm 5.2% ze verréngeren. An enger éischter Period bis 2012 geléngt dat och allen Industrielänner déi matmaachen. D'USA refuséieren de Protokoll, 2011 zitt Kanada sech draus zréck.
Am Kader vum Arabesche Fréijoer versammele sech am Bahrain zéngdausende Leit op der Päreleplaz vun der Haaptstad Manama, fir friddlech géint de Regimm ze protestéieren. Mat Tréinegas a Waffegewalt gëtt des Demonstratioun néiergeschloen. Trotzdeem ginn d'Protester weider an och repressiv Moossnamen halen d'Leit no 3 Joer net dovun of, Reformen ze fuerderen. Méi wéi 3000 Demonstrante gi verhaft, bal 170 bezuele mam Liewen.
Zu Wiesbaden an Däitschland kënnt haut virun 66 Joer den John McEnroe op d'Welt. Den US-Amerikaner ass ugangs den 80er ee vun de beschten Tennisspiller op der Welt, gewënnt 77 Eenzeltournoien an ass 170 Woche laang Nummer 1 an der Weltranglëscht. A keen anere konnt sech sou schéin opreege wéi de McEnroe.
Il Dottore gëtt 46 Joer al. De Valentino Rossi ass zwar guer kee richtegen Dokter, dofir awer 9fache Motorradweltmeeschter mat 115 Grand-Prix-Victoiren. Entretemps fiert de italieenesche Mediestar op 4 Rieder Laangstreckecoursen.
Haut virun engem Joer stierft den Alexei Nawalny, russeschen Affekot, Blogger a politeschen Aktivist.