
© Pixabay
... 149 Joer freet den Alexander Graham Bell e Patent u fir seng Erfindung vum Telefon. Hie kënnt domat sengem Konkurrent Elisha Gray ëm zwou Stonnen ze vir, obwuel dësen him wäit viraus aus an der Iwwerdroung vu Stëmmen an Téin.
Den amerikanesche Kongress erlaabt 1899 fir di nächste Walen déi sougenannte Walmaschinnen. E mechanesch oder elektresch bedriwwenen Apparat, dee sech beim Ofginn an Zielen vun de Wielerstëmme net iere kann. Soll. Misst. Wéi mir jo entretemps wëssen. Vläicht läit de Mëssel och just dodrun, dass haut Walcomputeren agesat ginn.
1918 gëtt a Russland, am Kader vun der Revolutioun, de Julianeschen duerch dee Gregorianeschen Kalenner ersat. Heescht: nom 31. Januar gëschter um ale Kalenner geet et haut weider mam 14. Februar. Do war de Vältesdag warscheinlech fir vill Männer ze fréi komm.

© Pixabay
Bei Gruewungen a Sierra Leone gëtt 1972 de bis haut drëttgréisste Réidiamant fonnt. De sougenannte Star of Sierra Leone weit 968.9 Karat (193.78gr) a gëllt als perfekt chemesch reng, wat anscheinend op nëmmen 1% vun de Diamante weltwäit zoutrëfft.

© Pixabay
1981 leeft um ZDF di éischte Folleg vum Frank Elstner senger neier Samschdegowendemissioun Wetten, dass..? Prinzip vum Spill: prominent Gäscht tippen op den Ausgang vu skurrille Wetten. Di erfollegräichste Show an Europa leeft mat Ënnerbriechung bis 2023. En definitiivt Enn vu Wetten, dass..? ass awer bis haut net kloer kommunizéiert ginn.
Den iraneschen Ayatollah Chomeini rifft 1989 Muslimen an aller Welt dozou op, de britteschen Auteur Salman Rushdie ëmzebréngen, well säi Buch Die satanischen Verse sech géint den Islam, de Prophéit a de Koran géing riichten. Zanterhier lieft de Schrëftsteller ënner Schutz vun der Police, wiesselt seng Adressen an dréit falsch Nimm. Trotzdeem ass de Rushdie virun 3 Joer vun engem Attentäter schwéier blesséiert ginn.
Di amerikanesch Raumsond Voyager 1 mécht 1990 am Weltall eng Foto vun der Äerd aus enger Distanz vun 6.4 Milliarde Kilometer. Vu méi wäit ewech war bis dohi nach ni e Bild gemaach ginn. D'Foto gëtt Pale Blue Dot (blatzege bloe Punkt) genannt a gehéiert zu den 10 beschte Fotoe vun de Weltraumwëssenschaften.
2017 ass et zu Diddeleng en Zuchaccident tëscht engem Passagéier- an engem Gidderzuch. Bei der Frontalkollisioun kënnt de Maschinist vum Passagéierzuch ëm d'Liewen.
Ënner bis haut net gekläerten Ëmstänn stierft 2004 de Marco Pantani. Den italieenesche Vëlossportler gewënnt 1998 den Tour de France an den Giro d'Italia, a gëtt spéider wéinst Dopping gespaart. De Pantani hält bis haut de Rekord fir di séierst Montéeën op d'Alpe d'Huez an op de Mont Ventoux.
A wiem haut net no Vältesdag ass, dee ka jo den Dag vum Riserad, oder den Dag vum Kondom feieren - déi sinn och haut.

© Pixabay