... 60 Joer krit Kanada säin aktuelle Nationalfändel. Trotz grousse Protester an der Bevëlkerung féiert d'Queen Elisabeth II de Fändel mam Ahornblat an, deen ënner méi wéi 3500 Virschléi aus dem Vollek vun enger spezieller Kommissioun ausgewielt ginn ass.

15/02/2025 Haut virun...

1794 krit Frankräich seng Tricolore. Blo-Wäiss-Rout, anscheinend entstane wéi wärend der Franséischer Revolutioun d'Faarwe vun der Stad Paräis Blo a Rout mam kinnekleche Wäiss zesummegefouert ginn. E Symbol fir Unitéit tëscht Kinnek a Vollek. Eng aner Legend seet, dass d'Faarwe vun de Kinneke - Blo a Wäiss - mam Bluttrout vun der Revolutioun kombinéiert goufen. An enger drëtter Deitung no stinn di 3 Faarwe fir di 3 Maxime vun der Revolutioun: Liberté (Blo), Egalité (Wäiss), Fraternité (Rout).

Zu Wien gëtt 1867 di wuel bekanntste Walz vun der Welt uropgefouert. An der schönen blauen Donau schreift de Johann Strauss an enger Orchester- an an enger Gesangsversioun. Bei dëser Première ass d'Lidd mol nach net ganz fäerdeg geschriwwen an de Komponist ass selwer guer net dobäi. D'Walz entwéckelt sech awer séier, spéitstens no der Opféierung op der Weltaustellung zu Paräis kuerz dono, zum grousse Renner.

Eng Boeing 707 vun der belscher Fluggesellschaft Sabena verongléckt 1961 bei der Landung zu Bréissel. 74 Passagéier an eng Persoun um Buedem stierwen, dorënner alle 34 Membere vun der amerikanescher Äiskonschtlafekipp, déi ënnerwee ass op d'Weltmeeschterschaften zu Prag.

Am Vereenegte Kinnekräich ass haut den Dezimaldag. 1971 gëtt dat Brittescht Pond Sterling an 100 Pence ënnerdeelt, an déi bis dohi gëlteg  Ënnerdeelungen aus dem Mëttelalter ginn ofgeschaaft. Do waren 20 Shilling 1 Pond, an 1 Shilling 12 Pence wäert. Huet fir 1 Pond 240 Pence gemaach.

No 9 Joer zéie sech 1989 di lescht sowjetesch Zaldoten aus Afghanistan zréck. Méi wéi eng Millioun Doudeger stinn un Enn vun deem Krich, gutt 6 Millioune Leit sinn an d'Nopeschlänner geflücht. Ouni politesch oder militäresch Uerdnung am Afghanistan entsteet dono séier en 12 Joer laange Biergerkrich.

2003 kënnt et zur gréisster Friddensmanifestatioun, wéi weltwäit ronn 9 Millioune Leit géint de geplangten Irakkrich vun der sougenannter Koalitioun vun de Wëllegen protestéieren. Et ass dee bis elo den eenzege Krich, géint dee scho viru sengem Ausbroch manifestéiert gëtt. 42 Länner sinn ënnert der Féierung vun den USA um Konflikt bedeelegt. Lëtzebuerg mécht net mat.

Haut virun 20 Joer grënnen 3 Kolleegen d'Internetvideoplattform YouTube. Ugangs sollt et eng Aart Datingportal ginn, séier gëtt awer doraus eng Méiglechkeet fir op engem fernsehänleche Kanal selwer ze presentéieren. D'Joer drop gëtt YouTube fir 1.3 Milliarden Euro opkaaft vu Google. Am alleréischte Video gesäit een ee vun de Grënner am Zoo.

Op YouTube sinn och sëllege Videoe vun engem Meteor, deen haut virun 12 Joer bei Tscheljabinsk a Russland an d'Äerdatmosphär antrëtt an an 30 bis 50km Héicht explodéiert. Duerch di enorm Drockwell gi ronn 3500 Gebaier beschiedegt, ëm di 1500 Leit gi virun allem duerch Glassplitter blesséiert.