... 35 Joer preparéiert den Tourismusbüro vun Agadir de gréisste Couscous vun der Welt. 1.5 Tonne Schmull, 200 Pouleten, 20 Schof a 750kg Geméis ginn duer, fir 4000 Marokkaner sat ze maachen.

17/02/2025 Haut virun...

Den alleréischte Superheld huet 1936 säin éischten Optrëtt. D'Comicfigur Phantom daucht viru 89 Joer an enger amerikanescher Zeitung op. Dëse Superheld huet nach keng Superkräften, huet awer schonn en duerchtrainéierte Kierper an en däischtermofe Kostüm mat enger schwaarzer Aenmask un. Bis haut ass d'Serie vum Phantom existent.

1962 ginn di däitsch Nordséiküst an Hamburg vun der stäerkster Stuermwell zanter méi wéi 100 Joer getraff. Zu den Ursaache vun der Katastroph zielen ë.a. schlecht Däicher oder soss Héichwaasserprecautiounen - 340 Leit kommen dobäi ëm d'Liewen. Am Krisemanagement deet sech den deemolege Senator, spéidere Bundeskanzler, Helmut Schmidt besonnesch ervir.

1972 leeft an Däitschland en hellblometalliséierte VW Käfer 1302 S vum Band. Et ass dee 15.007.032. Käfer, deen domat de Modell T vu Ford als meeschtgebauten Auto vun der Welt ofléist. Gutt 6 Millioune méi sollte bis 2003 dobäi kommen. Entretemps ass de Beetle ofgeléist gi vu sengem Nofollger VW Golf, an dee vum Toyota Corolla.

Net mam Auto, mee mat engem Pedalo kënnt de Japaner Kenichi Horie 1993 op der Insel Okinawa un. Hie war gutt 3 Méint virdrun op Honolulu gestart a ronn 7500km iwwert de Pazifik pedalléiert.

RTL

© Pixabay

2002 ass de leschten Dag, op deem a Frankräich mam Frang als Zielunitéit gerechent gëtt. De legale Cours vum Franc Français geet domat no 641 Joer op en Enn.

Ufänken deet 2011 d'Revolutioun a Libyen. Am Kader vum Arabesche Fréijoer eskaléieren d'Demonstratioune géint de Regimm vum Muammar al-Gaddafi ëmmer méi, bis den Diktator 8 Méint a ronn 40.000 Affer méi spéit op der Flucht ëmbruecht gëtt. Zanter 2014 herrscht, bis haut, Biergerkrich a Libyen.

Fir vill Leit ass e nach ëmmer dee beschte Basketspiller vun allen Zäiten, och wann e scho laang an der sportlecher Pensioun ass. De Michael "Air" Jordan gëtt haut 62 Joer al.

53. Gebuertsdag fir de Billie Joe Armstrong. De Frontmann vu Green Day gëtt den 30. Juni mat senger Band en Openairconcert virun der LuxExpo.

44 Joer al gëtt d'Paris Hilton.

34. Gebuertsdag fir den Ed Sheeran.

1990 gestuerwen ass den amerikanesche Kënschtler Keith Haring.

Haut ass den internationalen Dag vum Schuppendéier.