Bei der Kombinatioun vun zwee Wieder déi di selwecht Bedeitung hunn, schwätze mir vun engem Pleonasmus. Et ka sech ëm eng bewosst rhetoresch Figur handelen, ass meeschtens awer e Stilfeeler. An där Beispiller ginn et der vill an eisem deegleche Sproochgebrauch.

04/02/2025 Dat Selwecht am Gréngen

Aus dem Griicheschen iwwersat steet d'Wuert fir Majoritéit oder Iwwerfloss. All-deegleche Sproochgebrauch wier iwwerdriwwe gewiescht. Well deeglech heescht jo schonn all Dag. A sou hu mir nach vill weider Ausdréck an eisem Vocabulaire, déi op den zweete Bléck nawell iwwerflësseg ginn.

Wa naasst Waasser fréiert, gëtt doraus kaalt Äis. Am Auto drécke mir op d'Fousspedall an de Coiffer mécht eis hoffentlech net mam Cuttermesser eng nei Hoerfrisur, déi am naasse Reen schwéier wéi Bläi gëtt.

De klengen Zwerg geet mat sengem ale Bop e Räisrisotto iessen, éiert se mam wäisse Schimmel am ronne Krees lafen, dee vun engem grousse Ris nei renovéiert gouf.

Eng seelen Ausnam wier eng bluttrout Zukunftsprognos vun engem schwaarze Kueb deen op engem véiereckege Quadrat sëtzt, dat schlussendlech vun enger Tsunamiwell ewechgespullt gëtt.

Lo ginn et nach puer Ënnerdeelungen an der Causa Pleonasmus. Vun engem Oxymoron schwätze mir, wann 2 kombinéiert Wieder sech widderspriechen. Et ass also quasi de Géigendeel vum Pleonasmus. Waarmt Äis mécht de mëlle Steen just futti, wann eng batterséiss Zooss dobäi ass.

An di sougenannten Tautologie drifte mir of, wa Wieder vun der selwechter Bedeitung matenee kombinéiert ginn. Voll a ganz handelt et sech bei deem Ausdrock klipp a kloer ëm och sou e Beispill. Op ëmmer an éiweg.

Dir gesitt, mir hu vill sou Ausdréck a Kombinatiounen an eisem Sproochgebrauch, déi eigentlech 2x dat selwecht bedeiten. Komm nach een:

An der däischterer Nuecht louch eng doudeg Läich an enger enker Gaass. Et war di weiblech Mataarbechterin vun engem männleche Kolleeg. Di limitéiert Sonner-Editioun vun hirem Handy mam neien Update war hir geklaut ginn - dee war e gratis Kaddo. Schlussendlech konnt de Fall awer gekläert ginn.