
© NDR / Claudia Timmann
E Samschdeg 17ten Mee gëtt zu Basel den ESC organiséiert. D'Laura Thorn wäert jo eis Faarwen vertrieden a versichen de Sprong aus der 2ter Halleffinall an déi grouss Show ze packen. Och eis Konkurrenz aus Frankräich an der Belsch steet fest. Den 1ten Februar huet sech de Red Sebastian mam Lidd 'Strobe lights qualifizéiert'. 5x huet Frankräich schonn den ESC gewonne, an dëst Joer versicht déi 28 Joer al Sängerin Louane hiert Gléck. Just vun eisem Noper Däitschland ass nach näischt gewosst. No vill Mësserfolleg an de leschten Joren, gëtt déi ganz Prozedur ëmgestallt, an de Stefan Raab huet den ESC zur Chefsaach erkläert.
Et gëtt 4 Showen am Virfeld bis den 1ten Mäerz sech dann e Grupp, en Duett oder en eenzelen Interpret erauskristalliséiert.
3 Primetime-Live-Showen lafen de 14, 15. an 22ten Februar bei RTL a ginn natierlech vum Barbara Schöneberger animéiert.
d'Barbara an de Stefan stinn a Kontakt, och wann dat um Ufank éischter eng abenteuerlech Saach war.

© RTL / Raab Entertainment / Julia Feldhagen
Déi grouss Finale, also déi lescht vu 4 Emissiounen leeft dann den 1ten März bei der ARD wou um Enn vun der Show de Vertrieder vun Däitschland feststeet, deen beschtefalls dem Lena et nomécht a 15t Joer méi spéit, nees den ESC fir Däitschland gewënnt. Assistéiert gëtt de Meeschter Stefan Raab am Jury vum Yvonne Catterfeld an dem Elton.
'Chefsache ESC 2025', déi éischt vu 4 Sendungen leeft e Freideg um 20h15 op RTL.