... 153 Joer geet zu New York de Metropolitan Museum of Art op. Méi wéi 2 Millioune Wierker sinn an dësem universale Konschtmusée ausgestallt. De sougenannte "Met Fifth Avenue" gehéiert zu de 5 meeschtbesichte Muséeën op der Welt.

20/02/2025 Haut virun...

Am Teatro Argentina zu Roum ass et 1816 d'Uropféierung vum Gioachino Rossini seng Oper Almaviva o sia L’inutile precauzione. D'Première geréit zum Fiasko, well am Publikum Leit sëtzen déi bewosst stéieren. 6 Méint méi spéit krit d'Oper e neie Numm a gëtt duerno zum weltwäite Succès: Il barbiere de Sevilla.

Haut virun 122 Joer fänke se an Australien un, eng nei Stad opzemoossen. Als Kompromëss vun der Rivalitéit tëscht Melbourne a Sydney ass decidéiert ginn, dass dat neit Canberra hir Haaptstad soll ginn. D'Planifikatioun an d'Konstruktioun si Resultat vun engem internationale Concours.

Virun 110 Joer geet zu San Francisco eng Aart Weltausstellung op. Ulooss ass d'Ouverture vum Panamakanal d'Joer virdrun. Gläichzäiteg soll awer och gewise ginn, dass d'Stad sech vum groussen Äerdbiewen vu 1906 erholl huet. Opfällegst Attraktioune sinn e funktionéierende Modell vum Kanal an eng Telefonsverbindung mat New York fir datt se do de Pazifik héiere kënnen. Dat eenzegt Gebai dat haut vun där Ausstellung nach iwwreg ass, ass de Palace of fine Arts.

1933 beschléisst den amerikanesche Senat, dass deen Artikel rëm ausser Kraaft gesat gëtt, mat deem 1920 d'Prohibitioun agefouert gi war. Duerch den illegalen Handel war d'Kriminalitéit ëmmer méi grouss ginn, an och den allgemengen Drock aus der Ëffentlechkeet hunn zum Ëmdenke gefouert.

1941 gëtt an enger amerikanescher Zeitung fir di éischte Kéier de Begrëff Jeep benotzt. Zu Washington gëtt de Willys MB, dat neit Gefier fir d'Militär, der Press an der Politik presentéiert, andeems en Testfuerer domat d'Trape vum Kapitol eropfiert. No der Faart seet de Mann op d'Fro hin, wéi de Won géif heeschen, et wier en Jeep. Sou fënnt de Numm säi Wee an d'Welt.

1943 entsteet a Mexiko e neie Vulkan. De Paricutín ass no engem Dag 10m héich, no 3 Deeg scho 50m. 9 Joer méi spéit gëtt en wéinst senger monogenetescher Natur inaktiv a steet zanterhier bei 424m Héicht. D'Mexikaner schwätze vun engem Weltwonner vun der Natur.

1909 gebuer war den Heinz Erhardt, däitsche Komiker, Museker, Entertainer, Acteur an Dichter.

59 Joer al gëtt d'Cindy Crawford, US-amerikanesch Geschäftsfra a Supermodel aus de 1990er Joren.

1967 kënnt de Kurt Cobain op d'Welt. Zesumme mat senger Band Nirvana präägt hien Ufank de 1990er Joren di nei Museksrichtung vum Grunge, a geet un deem Succès zu Gronn.

49. Gebuertsdag fir den Hamburger Jung Jan Philipp Eißfeldt. Mat den Absolute Beginner an als Soloartist Jan Delay mécht en sech e Numm an der Hiphop- a Funk-Zeen.

37 Joer al gëtt d'Rihanna. Mat bal 300 Millioune verkaafte Placken an internationalem Succès als Actrice an Entrepreneur gehéiert d'Kënschtlerin zu den räichsten an aflossräichste Fraen um Planéit.