... 168 Joer zitt zu New Orleans an den USA den éischte Mardi-Gras-Ëmzoch duerch d'Stroossen. En markéiert d'Enn vun de 7 "fetten" Deeg, an ass entretemps am englesche Sproochgebrauch zum Synonym gi fir d'Fueszäit u sech.

24/02/2025 Haut virun...

1942 kënnt et um 24. Februar zur grousser Loftschluecht ëm Los Angeles. D'Vereenegt Staate si nach net laang an den 2. Weltkrich agetrueden, do gi matten an der Nuecht d'Sireenen an d'Flak fänkt u mat schéissen. Mee op wat? Japanesch Fligere sinn et dann awer anscheinend net. Vläicht e Wiederballon? Oder zivil Fligeren déi Panik wëlle maachen? Erofgeschoss gëtt näischt - an awer stierwe 5 Leit - bei Autosaccidenter oder un Häerzkreeslafversoen.

Op deem selwechten Dag fänkt den amerikanesche Auslandsradiosender Voice of America an England un, en däitschsproochege Programm an Europa ze senden. No der Befreiung vun eisem Grand-Duché ginn déi Beiträg iwwer d'Welle vu Radio Luxembourg diffuséiert. Och nom Krich bleift den offiziellen Auslandsradio vun den USA bestoen, als Waff géint di sowjetesch Propaganda, an huet haut ëm di 300 Millioune Nolauschterer op der ganzer Welt.

Nom Palästinakrich schléissen Israel an Ägypten 1949 e Waffestëllstandsofkommes. An de nächste Méint kommen Accorden mat Libanon, Jordanien a Syrien dobäi. E formelle Friddensvertrag tëscht Israel an Ägypten gëtt awer réischt 30 Joer méi spéit ënnerschriwwen.

Hei zu Lëtzebuerg ass et 1984 d'Gesetz iwwert de Sproochegebrauch: Lëtzebuergesch gëtt als "Nationalsprooch" definéiert a kritt de Status vun enger administrativer Sprooch (nieft Däitsch a Franséisch).

RTL

© Pixabay

No de Loftattacken ass et 1991 den Ufank vun der Buedemoffensiv an der Operation Desert Storm am Irakkrich. Operation Desert Shield fänkt u, wéi d'Iraker en Ultimatum ignoréieren a kuwaitesch Uelegfelder a Brand setzen. Ronn 6 Woche méi spéit geet d'Gefecht op en Enn mat der Victoire vun de Koalitiounstruppen.

Fir di leschte Kéier start 2011 de Space Shuttle Discovery an de Weltall. Mat 39 Volle wärend 27 Déngschtjoren a 238.5 Millioune Kilometer um Tacho ass d'Discovery am längsten am Shuttle-Service vun der NASA vertrueden.

Als Roger Jouret kënnt 1954 de Plastic Bertrand op d'Welt. De belsche One-Hit-Wonder trëtt 1987 fir Lëtzebuerg beim ESC op a gëtt deen zweetleschten.
 

Vu ville Leit gëtt en haut nach als Visionär veréiert - de Matgrënner an CEO vun Apple Steve Jobs kënnt viru 70 Joer op d'Welt.

Dee selwechten Dag gebuer ass den Alain Prost. De Fransous gëllt als ee vun de beschte Formel-1-Piloten aus den 80er - en huet 53 Grand-Prix'e gewonnen, en ass 4x Weltmeeschter a 4x Vizeweltmeeschter ginn.

Haut virun 3 Joer iwwerfält Russland d'Ukrain.

RTL

© Pixabay