D'Schoulvakanz ass erduerch, mee et gëtt därer, déi gönne sech emol eng méi laang Auszäit. Wien huet net schonn dovunner gedreemt, allez hop emol 6 Méint fort? De Christian Schmit ass um leschte Caravan Salon enger Madamm begéint, déi am Moment e Grupp begleet als Guide op der Panamericana. Dat mat Camperen, an um Enn eng 30.000 Kilometer a méi um Tacho, a sécherlech genee esou vill Impressiounen?

06/01/2025 6 Méint Auszäit op der Panamericana

Ugangs November goung et op der südlecher Hallefkugel lass mat 12 Camper-Enthousiasten, an dat zu Buenos Aires an Argentinien. Hei kommen d'Gefierer am Hafen un. 200 Deeg leien da virun engem. Panamericana, net fir näischt  "Traumstrasse der Welt" gedeeft. Man bereist sämtliche Vegetationszonen, die es auf dieser Welt gibt. Wir kommen von der Wüste in den Regenwald. Fahren von den Anden in die Tropen. Sind an Karibik Küsten, stehen unter gigantischen Sternenhimmel, an der Magellan Strasse auf Feuerland. Also es sind schon viele Sehnsuchtsziele mit dabei.

En autarke Campermobil mat Sanitärberäich sollt een hunn, mee och e Laien ka sech déi Tour zoumudden. "Learning by doing" mengt d'Janette Emmerich. Fit sinn, gären Auto fueren, an eppes erliewe wëlle sollt e schonn?

Es ist kein Urlaub! Urlaub bitte hinterher planen. Natürlich gibt es auch immer mal freie Tage, wo sich kein Rad dreht und man sich etwas erholen kann. Aber es sind auch lange Strecken dabei. Man wird aber während der Fahrt belohnt.  Keine Autobahnen, ich habe phantastische Landschaften, meistens wenig Verkehr. Also das Fahren an sich ist Teil des Reiseerelebnis.

D'Janette Emmerich begleet elo schonn 20 Joer Camperfreaken op der Panamericana. Dee Jéngsten, dee mat dobäi war, hat der grad emol 6, deen Eelsten der 85. An d'Leit, déi een dobäi huet an déi Eenheemesch maachen et ëmmer nees zu engem ganz besonneschen Erliefnes.

Hiere perséinlechen Highlight?

Mein Highlight sind die Dinge, die offiziell keine Highlights sind. Wir fahren durch kleine Dörfer, besuchen die Märkte, wo normalerweise kein Tourist hinkommt. Ich glaube, das ist so reizvoll daran.  Dies Freie Stehen in der Natur. In Südamerika gibt es keine Verbote, und so haben wir phantastische Stellplätze in den Anden, am Meer, in der Wüste.

Wie sech fir dës Aventure decidéiert, weess op e wat e sech aléisst an dass kleng oder gréisser Pannen net ausbleiwen. Lëtzebuerger waren och scho mat, an am Moment sinn zwou Familjen aus dem Grand-Duché mam Camper dobäi?

Luxemburger haben wir auch mit dabei. Das ist immer sehr lustig mit denen. Und ihr könnt die Reise auch verfolgen, einfach mal auf panamtours klicken oder auf instagram. Da könnt ihr live verfolgen wo wir gerade herumfahren.

Majo dann, pas mal. An Am Moment ass déi Camper Grupp zu Santiago de Chile. Iwwregens brauch ee fir déi Rees kee Luxusliner oder 4X4 Camper. Budget zu zwee sollt een awer fir déi 200 Deeg 70 000 Euro arechnen. Impressiounen vun där gréisserer Auszäit, déi hu si eis och geschéckt.