
© Tom Nols
... 65 Joer gëtt den amerikaneschen Aktivist a Biergerrechtler Malcolm X wärend enger Ried zu New York erschoss. 2 vun den 3 Attentäter, déi warscheinlech aus dem Ëmfeld vun der Nation of Islam kommen, kënnen am uschléissende Chaos fortlafen.
Di 2 däitsch Philosophen an Historiker Karl Marx a Friedrich Engels publizéieren 1848 hiert Manifest vun der kommunistescher Partei. Doran entwéckele si scho wäit Deeler vun der spéider als Marxismus bezeechente Gesellschaftstheorie.
1878 hu se zu New Haven am Connecticut dat weltwäit éischten Telefonsbuch. 50 Leit si mat hirer Nummer agedroen. Déi kënne sech 7 Joer méi spéit ënnertenee Bescheed soen, dass zu Washington de groussen Obelisk ageweit gëtt. De Washington Monument, zu Éiere vum éischte President, ass 169m héich, mat 3 verschiddenen Zorte Marber ausgekleet an iwwer 897 Träplécker bannendra kënnt een uewen op eng Aussiichtsplattform.
1916 ass et am Éischte Weltkrich den Ufank vun der Schluecht vu Verdun. Di Däitsch hoffen, esou rëm Beweegung an d'Westfront ze kréien. Ouni Succès geet d'Schluecht Mëtt Dezember op en Enn a kascht ronn 1 Millioun Leit d'Liewen.
En amerikanesche Physiker presentéiert 1947 zu New York eng revolutionär Maschinn. Mat senger Firma Polaroid huet hien d'Direktbildkamera erfonnt. 1970 huet de Mann iwwregens virausgesot, dass mir an Zukunft iwwerall kleng handlech Kameraen dobäi wäerten hunn. Säi Modell dovun huet net schlecht engem Smartphone geglach.
Am Optrag vun der brittescher Campagne zur nuklearer Ofrëschtung erfënnt de Kënschtler Gerald Holtom 1958 e neit Friddenszeechen. Aus dem Wénkelalphabet vun der Marinn ofgeleet soll et d'Kombinatioun duerstelle vun de Buschtawen N (nuclear) an D (disarmament). An d'Peace-Zeechen kann een awer och e Mënsch eran interpretéieren, deem seng Äerm hëlleflos no ënnen hänken.
Mat Spuk in der Werkstatt sent de Bayresche Rundfunk 1962 di éischte Folleg vun der Hörspillserie Meister Eder und sein Pumuckl. 3 Joer méi spéit kommen di éischt Bicher eraus, 1982 kënnt de Kobold mat de rouden Hoer op d'Tëlee an duerno och nach an de Kino. Seng charakteristesch Stëmm krit de Pumuckl vum Hans Clarin geléint.
Den Auteur a Regimmkritiker Václav Havel gëtt 1989 wéinst Rowdytum zu 9 Méint Prisong verurteelt. No der Samette Revolutioun gëtt hie nach am selwechte Joer zum Präsident vun der Tschechoslowakei gewielt.
Live op der Tëlee deklaréiert de Vladimir Putin virun 3 Joer d'Unerkennung vun de selwer ernannte Volleksrepublicken Donezk a Luhansk am Oste vun der Ukrain. Gläichzäiteg gi russesch Truppen dohi geschéckt. 3 Deeg méi spéit fänkt de Krich un tëscht der Ukrain a Russland.
Haut ass den Internationalen Dag vun der Mammesprooch.

© Pixabay
88 Joer al gëtt den Harald V., Kinnek vu Norwegen.
Virun 92 Joer gebuer war d'Nina Simone, Jazz- a Bluessängerin.