Bei ville Leit gëtt elo schonn déck geplangt wou et an d'Vakanz soll goen. Wien en neie Pass brauch ode an England reese wëllt, deen huet besser sech am Virfeld z'informéieren, well dëst Joer sinn do fir d'Touristen e puer Saachen anescht.

13/01/2025 Vakanz a Reesen 2025: Wat ännert sech am neie Joer?

Fänke mer mam Reespass un - aus Däitschland koum elo d'Nouvelle, dass ab Mee keng Passbiller um Pabeier méi akzeptéiert ginn a just nach digital gefuer gëtt. Op Nofro hei zu Lëtzebuerg ass dat schonn eng Zäit esou dass d'Biller direkt op der Gemeng gemaach ginn, wou ee gemellt ass an dat automatesch am Digitalformat mat deem Apparat gemaach gëtt. Ausnam sinn hei kleng Puppelcher ënnert engem Joer, well déi eventuell méi wibbeleg sinn an do den Apparat dat net esou gutt erfaasse kann.

Eng weider Ännerung gëtt et dann och fir Leit, déi an England reesen. Ab dem 2. Abrëll brauch een hei eng elektronesch Rees-Autorisatioun, déi sougenannten ETA, Fall gesat et huet ee kee Visa. Déi kascht ronn 12€ a gëllt fir maximal 180 Deeg Openthalt bannent 2 Joer. D'Ufro kann een online maachen, et dauert an der Reegel 2-3 Deeg, dofir soll ee mat Zäiten drun denken. Wichteg ass och, dass d'ETA ofleeft, wann de Pass an deenen 2 Joer ofleeft.

Ab dësem Mount triede Rumänien a Bulgarien dem Schengenraum bäi, dat heescht, dass et keng Kontrollen un de Landesgrenzen zu anere Schengen-Staate gëtt, besonnesch un de Grenzen Ungarn-Rumänien, Rumänien-Bulgarien a Bulgarien-Griicheland, wäert d'Reese manner komplizéiert a méi séier oflafen. Allerdéngs sollt een säi Pass ëmmer derbäi hunn, well Stéchkontrolle méiglech bleiwen.