A si hu glécklech weidergelieft, bis un d'Enn vun hirer Zäit, oder wann se net gestuerwe sinn, da liewen se nach haut. Jiddereen huet déi Schlussformel scho mol bei engem Märchen héieren, an natierlech gehéieren do och Disney Prinzessinne mat dozou. Mee ass deen Happy-End wierklech realistesch? Laut enger Etüd, déi elo rezent am British Medical Journal publizéiert gouf, éischter net.

17/01/2025 A wann se net gestuerwe sinn, wéi liewen se haut?

En Team ronderëm déi hollännesch Fuerscherin Sanne van Dijk vun der Uni Twente huet sech d'Biografie vun de Meedercher méi genee ugekuckt an ass zum Schluss komm, dass se an enger realer Welt seriöe Gesondheetsproblemer ausgesat wieren.

D'Cinderella hätt an der reeller Welt warscheinlech net laang duerchgehalen. Déi béiss Stéifmamm, d'Aarbecht als Hausmeedchen, d'Isolatioun an de Mobbing vun de Schwësteren, Kandheetstraumata, Stëbs an Äschen. Dat rifft éischter no engem Rezept fir Longekrankheeten wéi no enger Kutsch mat engem schéine Prënz. Amplaz enger gudder Fee hätt et an der moderner Welt éischter Ënnerstëtzung vum Gesondheetsministère gebraucht. 

Idem d'Schneewittchen, och hei hu mer déi béis Stéifmamm, d'Aarbecht als ganz jonkt Déngschtmeedchen an dann nach d'Isolatioun am Zwergenhaus mat klengen ale Männer, wat net no engem gesonde Liewensstil kléngt. Wat seet hei d'Aarbechtsrecht a virun allem wéi soll een dat och nach mat engem gëftegen Apel iwwerliewen?

Eng aner Kandidatin ass d'Mulan, d'Heldin aus dem Märche-China, wat sech och an engem männerdominéierte Militärparadäis huet misste beweisen, net grad ideal fir déi mental Gesondheet. Häerzinfarkt oder Angschtstéierung? Déi Fro stellt sech hei wuel méi dacks...

Och fir d'Rapunzel gesäit et däischter aus. Schéi laang Hoer sinn natierlech flott, mee wa permanent dru gerappt gëtt, leit d'Kapphaut an Hoerausfall oder Migrän si wuel keng ganz märchenhaft Kombinatioun. A wie geduecht hätt, dass d'Dornréischen seng Problemer einfach duerch Schlofe léise konnt, deem widderspriechen d'Fuerscher och hei well Diabetes, Dekubitus oder esouguer Häerz-Kreeslafproblemer wären hei d'Suitten. Eng Japanesch Fuerscherin hat viru Jore scho behaapt, dass de Kuss, deen et aus dem Schlof hëlt, iwwergrëffeg war a mat Harcèlement associéiert kéint ginn. 

Änleche Gesondheetsrisike wär och d'Jasmin ausgeliwwert, wat just an de Mauere vun sengem Palais opgewuess ass an ausser dem Dschinni keng richteg Frënn hat. Isolatioun, Demenz a psychesch Problemer wären hei d'Suitten, esou d'Fuerscher. Duerch d'Kritik u klassesche weibleche Rollebiller an onrealistesche Schéinheetsidealer hunn sech mëttlerweil jo scho Prinzessinne vun de Klischeeën emanzipéiert a sinn optesch méi divers ginn.

Dat war eng kleng Rees duerch déi real Problemer vun de Märcheprinzessinnen. Bleift um Enn nach d'Fro op - Wéi géing d'Geschicht ausgesinn, wann se amplaz vun engem Happy-End e Krankeschäin kritt hätten?