Metality ass eng international Organisatioun déi haaptsächlech an Däitschland aktiv ass. Mëttlerweil ginn et awer och esougenannten "Chapter" an den USA, Mexico, Finnland oder Spuenien. Weltwäit zielt d'Organisatioun ronn 3000 Memberen. Zanter November 2024 gëtt et och en Chapter hei zu Lëtzebuerg.

05/02/2025 Metality Chapter Luxembourg

Gegrënnt gouf de Metality Chapter Luxembourg vum Diane Frisch an dem Laurent Schleck. Metality ass eng Community fir Metalheads, déi sech op Concerten a Festivals trëfft. Virun allem mécht Metality awer ganz vill Charity a sozial Projeten. D'Diane Frisch, Chapterhead Luxembourg: "Do fält ënnert anerem de 'Black Dog Project' drënner, dee fir Depressiounspreventioun sensibiliséiert. Si maachen awer och de Projet 'You'll never rock alone' bei deem Leit mat engem Handicap gehollef kréien, fir op e Concert oder e Festival ze goen. Ganz nei ass och de Projet 'Support Your Local Festival' bei deem lokal Festivals finanziell ënnerstëtzt ginn, fir iwwert d'Ronnen ze kommen. Dat ass ëmmer mat ganz ville Käschte verbonnen."

No éischte Kontakter um Wacken Open Air an engem enken Austausch mam Chapter vu Saarbrécken hunn d'Diane an de Laurent decidéiert och hei zu Lëtzebuerg en Chapter opzemaachen. Besonnesch gecatched ware si vum genanntene "Black Dog" Projet. Déi Zwee sinn nämlech och Grënnungsmembere vun der "Shadow's Night a.s.b.l.". Dat ass eng lëtzebuergesch ASBL, déi Rock- a Metalmusek zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun fërdert: "Mir hunn an deene leschte Joer och ee Projet fir Depressiounspreventioun bei Jugendleche gemaach, deen heescht 'Don't be Poe!'. Dat ass e Mediabook mat Musek vun der lëtzebuergescher Symphonic-Metal-Band ShadoWhisperS. Mir hu mat deem Projet versicht déi Jonk ze erreechen a mat hinnen iwwert dat Thema ze schwätzen, fir ze verstoen wat eng Depressioun ass an hinne virun allem och ze weise wou ee sech kann Hëllef sichen, wann ee betraff ass. Dofir läit eis dat Thema esou um Häerz an dowéinst si mir och op Metality gestouss."

De Projet "Black Dog" besteet iwweregens aus schwaarze Festival-Bännercher op deene "Black Dog" dropsteet. Déi kritt ee gratis an et kann een se undoe fir ze signaliséieren: Ech ka mech mam Thema "Depressioun" identifizéieren, du kanns mech gär drop uschwätzen, well du bass net eleng domat.

RTL

© Metality Chapter Luxembourg

Mat de Cotisatioune vun de Memberen an de Spenden déi erakommen, ënnerstëtzt Metality och d'"Outsiders Outside". Dat heescht si sammelen a finanzéiere Schlofsäck an Isomatte fir Sans-abrien. De Laurent Schleck, Chapterhead Luxembourg: "Dat huet ugefaange virun e puer Joer, do hate si sech d'Zil gesat 666 Schlofsäck ze sammelen. Ënnert anerem op Festivals, wou Leit hir Schlofsäck kënnen ofginn, déi si net méi brauchen. Et ginn awer och vill Schlofsäck mat de Spende selwer kaaft. Dat Joer duerno hu si probéiert dat duebelt ze kréien, an dëst Joer esouguer nach méi a mat Isomatten. Déi sinn dann iwwert déi sämtlech Chapters an Däitschland verdeelt ginn. Mir kruten awer och 36 Stéck an déi konnte mir dunn un d'Stëmm vun der Strooss spenden, och eben all Kéiers mat enger Isomatt dobäi."

Eng Memberskaart bei Metality kascht iwweregens dräi Mol am Joer 6,66€! An Zukunft kënnt Dir de Stand vum Metality Chapter Luxembourg dann och sécherlech op Rock- a Metal-Events, awer och an de Concertshaiser hei am Land untreffen.