
© rtl.lu
... 23 Joer entsteet aus der Fusioun vun der spuenescher Aceralia, der franséischer Usinor an der lëtzebuergescher Arbed d'Arcelor. 2006 fusionéiert se mat der Mittal Steel Company zur neier Gesellschaft Arcelor Mittal, déi hire Sëtz an der Stad Lëtzebuerg huet.
En Observatoire am Arizona entdeckt 1930 e neie Planéit. Dëse gëtt nom Gott vun der réimescher Ënnerwelt Pluto benannt. Et ass dee 9. a baussechte Planéit vun eisem Sonnesystem. Mëtt 2006 krit en de Planéitestatus rëm oferkannt, well ëmmer méi änlech Planetoiden a senger Gréisst fonnt ginn. Iwwregens ass den Disneyhond Pluto nom Zwergplanéit benannt. Dëse gëtt am selwechte Joer erfonnt.
1943 ginn d'Geschwëster Scholl zu München verhaft, wéi se Flugblieder vun hirem Widderstandsgrupp Weisse Rose verdeelen. 4 Deeg méi spéit ginn den Hans an d'Sophie Scholl exekutéiert. Dee selwechten Dag wéi hir Verhaftung rifft den NS-Propagandaminister Joseph Goebbels zu Berlin den totale Krich aus.
Zu Squaw Valley fänke 1960 d'Olympesch Wanterspiller un. Ouni Bob-Competitioun, well d'Amerikaner keng Bunn wëlle bauen. D'Ouvertureszeremonie fänkt eng Stonn méi spéit un, well den US-Vizepresident Richard Nixon an engem Schnéistuerm festhänkt. Däitschland an DDR triede mat enger Ekipp un, um gemeinsame schwaarz-rout-gëllene Fändel sinn an der Mëtt d'Olympesch Réng markéiert. Fir d'Ouverture a fir de Closing vun de Spiller ass de Walt Disney responsabel.
1977 flitt de Space Shuttle eng éischte Kéier, wéi en fir Tester op de Réck vun enger Boeing 747 gestréckt gëtt. Säi Numm Entreprise ass ofgeleet vum fiktive Raumschëff aus der bekannter Tëleesserie. Dëse Prototyp déngt reng dem Testen, sou dass d'Entreprise den eenzege Space Shuttle wäert sinn, dee net an de Weltraum flitt.
Am Joer 2000 sinn et nach 14 Deeg bis zum Verkafsstart vun der Playstation 2. A Japan wëlle souvill Leit déi nei Spillkonsol vu Sony iwwert den Internet virbestellen, dass de Site dofir zesummebrécht a wärend zwou Stonnen offline bleift. D'PS 2 ass haut mat ronn 160 Milliounen Exemplairen di meeschtverkaafte Konsol vun der Welt.
2006 trieden d'Rolling Stones zu Rio de Janeiro op. Hire Concert op der Copacabana wëllen 1.2 Millioune Leit gesinn. Silvester 1994 hat de Rod Stewart op der selwechter Plaz viru 4.2 Millioune Fans gesongen. Bis haut ass dat de Weltrekord fir di meeschte Leit op engem Concert.
No méi wéi 6 Méint Fluchzäit lant 2006 di amerikanesch Sond Perseverance um Mound. Well d'Sende vum Signal 11 Minutte brauch bis op d'Äerd, geschitt déi Landung vollautomatesch. Dat sechsriederegt Gefier sammelt selwer Daten um Mars, oder mécht Experimenter, kann awer och eng Helikopterdron lass schécken, déi virun engem Joer fir d'lescht geflunn ass.