
© Inhaler
Mat Lidder ewéi "It Won't Always Be Like This" a "Love Will Get You There" hunn Inhaler sech en Numm an der Rock-Zeen gemaach. Den 3. Juli kënnt déi iresch Band mat hirem neien Album "Open Wide" bei eis op Lëtzebuerg Open Air neimënster.
Déi gemeinsam musikalesch Idoler ewéi Joy Divison, Oasis oder Echo and the Bunnymen bréngen den Elijah Hewson, de Robert Keating an de Ryan McMahon zesummen. Déi Dräi léieren sech um St. Andrew's College zu Dublin kennen a grënnen am Alter vun nëmmen 13 Joer eng Band. Kuerz drop stéisst de Gittarist Josh Jenkinson dobäi an d'Museker entscheede sech fir de Band-Numm "Inhaler". De Grond ass dem Elijah säin Asthma wärend senger Kandheet, wéinst deem vill Leit d'Band "the Inhalers" genannt hunn.
Vun Ufank un huelen Inhaler d'Saach mat der Musek richteg seriö. Esou seriö, dass si mat 16 Joer d'Schoul schmäisse fir just nach Musek ze maachen. An deenen éischte Joer spillt d'Band vill Covers, fänkt awer och schonn zimmlech séier un eege Lidder ze schreiwen. Besonnesch beim Sänger Elijah Hewson läit d'Musek an d'Kompositioun an der Famill, säi Papp ass nämlech de Paul Hewson - besser bekannt als Bono vu U2. An dat héiert een um neien Album "Open Wide" definitiv eraus.
Am Fong kéint een och driwwer schreiwen: "Fir Fans vu U2". Den Elijah huet nämlech net nëmmen d'Musikalitéit vu sengem Papp geierft, mee och seng Stëmm! Deen neien Album "Open Wide" ass awer virun allem een Album fir Leit déi klassesche Rock gär hunn: Dreiwend Battrie, jäizeg Gittaren, vill kurios Geschichten iwwer Léift an awer eng enorm Liichtegkeet.
Well dem Elijah säi Papp ee weltbekannte Star ass, gi fir Inhaler natierlech vill Dieren op. Awer op de Virworf vun der Vetternwirtschaft, dee sech vill "Nepo-Babys" gefale loosse mussen, äntwert den Elijah mat Fläiss an haarder Aarbecht: "Wa mir schlecht sinn, da ginn déi Dieren erëm séier zou. Dat spornt eis un, ëmmer besser ze ginn."