D'lescht Joer ass d'Tali fir Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest zu Malmö op déi 13. Plaz komm. E Freide presentéiert déi lëtzebuergesch Kënschtlerin seng nei EP am Atelier!

24/02/2025 Tali @ den Atelier

No der Aventure mat "Fighter" fänkt fir d'Tali elo d'Karriär nom ESC un. D'Kënschtlerin released elo am Fréijoer eng ganz nei EP. Elo schonn dobaussen ass de Song "Dear Parents" - e Merci vum Tali u seng Elteren, déi si an alle Liewenslagen ënnerstëtzen. "Dear Parents" hat d'Tali jo och wärend dem Luxembourg Song Contest live performed.

Dee gréissten Ënnerscheed zu virum ESC: D'Tali kann elo vun der Musek liewen a muss net nach u säi College denken oder niewebäi schaffe goe fir sech finanziell iwwer Waasser ze halen. Déi Professionalitéit bréngt seng Musek op ee ganz anere Level. Nieft "Dear Parents" wäerte fënnef weider nei Tracks op der EP mat drop sinn. Déi ginn all méi a Richtung Indie-Pop: "Most of the other songs are more indie pop, influenced by Billie Eilish, Rosalía or Lizzy McAlpine. They're more like I naturally write, which is super exciting. I hope people like it. It's definitely still pop in style, but a bit more indie and chill I'd say. So it's three ballads and three upbeat songs - and that's all I'm gonna say."

No de groussen TV-Performances freet d'Tali sech enorm an deem méi intime Kader vum Atelier live ze spillen a ganz no bei senge lëtzebuergesche Fans ze sinn. Nodeems d'Sängerin beim LSC a beim ESC, wat d'Show betrëfft, natierlech net esouvill kënschtleresch Fräiheeten hat, këmmert d'Tali sech fir säi Concert e Freide komplett selwer ëm de Funding an d'Produktioun. Den Atelier ass dofir déi perfekt Venue: "Den Atelier was the perfect choice for this. I love the intimacy of it and how much you can get to know the artist. And also it's my dream venue. Growing up I've always thought Atelier was huge with my little Tali girl's eyes and now I'm here. So I definitely wanted to hit that in my bucket list."