
© pixabay.com
Wie vun engem Radar erwëscht gëtt, muss séier déif an d'Täsch gräifen. Dat wësse wuel déi meescht ënnert eis an dowéinst si sou Appen déi den Autosfuerer warnen, natierlech zimmlech beléift. Ma och domadder kann ee jee nodeem eng Geldstrof riskéieren. An zwar da wann den Apparat deen ee benotzt, illegal ass. Ma wat ass dann elo legal a wat net? Mir hunn nogefrot.
Déi gängeg Appen, wéi ënnert anerem "Waze", notzen eng Funktioun déi sech “Point of interest” (POI) nennt fir viru Radaren ze warnen. De Prinzip ass ganz einfach. Charles Faber vun der Police:
"Et ass eigentlech soss näischt aneres wéi dass een Utilisateur op enger Kaart eng Nol setzt, wat dann de Point of Interest ass, an doduerch déi aner Utilisateure vun där App oder vun deem Apparat eben och d'Warnung kréie wa se an d'Géigend vun deem Punkt kommen."
Een Nodeel hunn esou Applikatiounen awer:
"Wann Dir als alleréischt laanscht esou eng Police Kontroll fuert, dann hat Dir warscheinlech Pech wa keen Iech ka warne virdrun. Dat heescht, et ass ni eng Garantie, dass Dir virun all Kontroll gewarnt gitt."
Donieft ginn et och Navigatiounssystemer vu verschiddenen Autosconstructeuren, déi mat der Funktionalitéit vum RTTI (Real Time Traffic Information) ekipéiert sinn. Hei hänkt et awer jeeweilege Constructeur of, ob dësen zouléisst, dass Verkéiersbehënnerungen oder och Policekontrollen duerch den RTTI gemellt ginn oder net.
Am Ëmlaf, virun allem am Ausland, sinn awer och sougenannten Jammer. Dës sinn awer illegal an dat wéinst hirer Aart a Weis wéi se fonctionéieren:
"Alles wat verbueden ass, ass mol ganz sécher wat d'Presenz vun der Police also eisen Apparat fir d'Vitess ze moossen, géing detektéieren an natierlech alles wat eis Moossprozedure géing stéieren."
Sollt ee mat esou eppes erwëscht ginn, wat iwwregens, ënnert eis, fir d'Police zimmlech einfach ass,da gëtt et eng Geldstrof tëscht 251 a 5000 Euro an et kritt een natierlech och säin Apparat confisquéiert.
Et sief dann och nach eemol den Appell vun der Police, dass een oppasse muss wat een am Auto iwwerhaapt bedéngen däerf a wat net:
"Soubal wéi dat zum Beispill op engem Smartphone integréiert ass, sou eng Applikatioun zum Beispill, dann däerf deen natierlech net iwwert dem Fuere bedéngt ginn, och net wann den Handy an enger Fixatioun um Tableau de bord montéiert ass. Wärend dem Autofueren däerfe mir den Handy just an deem Sënn bedénge mat all deenen Commanden déi och vum Wierk hier vum Autoskonstrukteur virgesi sinn, dat heescht iwwert eis Lenkradbedéngung oder iwwert de Multimedia Schalter an der Mëttelkonsol. Op kee Fall däerfe mer eise Smartphone wärend dem Fuere manipuléieren."
An anere Wieder: Wann een iwwert dem Fueren eng Informatioun wéi zum Beispill e Radar mat anere User vun enger App deele wëllt, dann däerf een dat net. Dofir muss ee stoe bleiwen an de Motor ausmaachen, soss mécht ee sech strofbar.
Am beschten an am einfachsten ass et natierlech nach ëmmer, sech un d'Reegelen ze halen an net méi séier ze fuere wéi erlaabt. Da brauch ee weder eng App nach soss en Apparat.