
© Äischdall-Leefer
Ënnert dem Motto "Verbrenn däi Speck fir de gudden Zweck" geet et Moies zu Habscht beim Centre Polyvalent fort. Dan Mathekowitsch, President vun den Äischdall-Leefer:
"Wéi d'lescht Joer och hu mer 3 Distanzen, dat heescht 6, 11 oder 14 Kilometer. Déi kann ee goen oder lafen, et ass alles ouni Chrono a wat ganz flott ass an och erwënscht ass, ass, dass ee säin Hond ka matbréngen. Déi mussen allerdéngs de ganze Wee iwwer un der Léngt gehale ginn."
Jiddereen ass bei dësem Charity Walk & Run wëllkomm. Grouss a Kleng, Jonk a manner jonk. Et soll een ebe just nach esou gutt ze Fouss sinn, dass ee minimum 6 Kilometer trëppele kann.
"Mir sinn zu Habscht am Centre, ënnen um déifste Punkt, an da geet et just nach erop an erof natierlech. Déi 3 Parcourse si ganz vallonéiert. Am beschte kuckt ee sech d'Topographie um aischdall-leefer.lu un. Do gesäit een d'Distanze wéi se ausgesinn, wéi de Wee ass, wéi d'Bierger sinn."
Umelle kann ee sech nach bis den Dag selwer an dat geet ganz einfach online um Site:
"Do sinn och weider Informatiounen, wat et genee ass, wéi a wou alles leeft. Et kann ee sech och nach am Centre Polyvalent zu Habscht umellen, Samschdes den 22. Februar Nomëttes tëscht 17 an 19 Auer, respektiv och den Dag selwer, den 23. Februar Moies tëscht 8 an hallwer 10 well den éischten Depart wou d'Leefer op d'Streck geschéckt ginn, ass um 10 Auer."
10 Euro kascht d'Participatioun um Walk & Run. Gehéiert een elo awer éischter zu deenen déi sech net sou gär beweegen, kann een awer natierlech och ab 11 Auer dohinner kommen a säin Deel fir de gudden Zweck iwwert en Apero oder e gudde Maufel op der Plaz bäidroen.
Den Erléis vum Habschter Charity Walk & Run geet dëst Joer dann direkt un 3 Associatiounen, dat u Rahna -Muppen ënnerstëtze Leit am Rollstull, den Déiereschutz "Das schwarze Schaf" an d'Fondation "Wonschstär".