Erhéicht Musek lauschteren de Risiko vun engem Accident? Déi Fro huet sech dat australescht Vergläichsportal "Compare the Market" gestallt. No hiren Analyse steet elo d'Top 10 vun de riskantste Popsongs am Stroosseverkéier fest.

19/02/2025 Dës Lidder sinn en No-Go beim Autofueren

Am Auto lauschtert ee gär Musek. Musek kann entspanen an d'Zäit am Stau vergeet méi séier. Musek kann een awer och oflenken, esou dass ee sech manner op d'Strooss konzentréiert a potentiell éischter d'Kontroll iwwert säi Gefier verléiert. Unhand vu Fakteuren ewéi BPM, Energie, Danzbarkeet a Lautstäerkt huet "Compare the Market" elo ënnersicht, wéi eng Radiohits d'Warscheinlechkeet vun engem Accident erhéijen.

Op der Plaz 3 vun de geféierlechste Songs am Stroosseverkéier steet "Pump It" vun de Black Eyed Peas. D'Lidd ass mat 154bpm zimmlech séier a mat engem Wäert vu 65 och danzbar. Well d'Lidd esou rhythmesch ass, kéint een op d'Iddi komme sech wärend der Faart kierperlech ze beweegen. Dës Fakteure féieren zu engem Oflenkungswäert vu 77,80%.

78,37% ass den Oflenkungswäert vun "Empire State of Mind" vum Jay-Z an dem Alicia Keys. De Song steet domat op der zweeter Plaz an der Lëscht. "Compare the Market" seet, dass d'Danzbarkeet mat 49 zwar net esou héich ass, dofir awer virun allem den héijen Energiewäert vu 96 zu Oflenkung wärend der Faart féiere kann. Dobäi kënnt, dass de Song mat 174bpm extrem séier ass.

Dee gréissten No-Go beim Autofueren ass "Dragostea Din Tei" vun O-Zone, de Song huet en Oflenkungswäert vun 78,76%. Veranwortlech dofir si virun allem deen héijen Tempo (130bpm), d'Danzbarkeet vun 81 an den Energiewäert vu 97. Dat féiert dozou, dass Chauffeuren dozou animéiert gi fir op de Song ze danzen an dobäi eventuell d'Hänn vum Steierrad huelen, anstatt sech op de Verkéier ze konzentréieren.

Top 10: Déi geféierlechst Lidder op der Strooss

1. O-Zone – Dragostea din Tei (78,76%)
2. Jay-Z feat. Alicia Keys – Empire State of Mind (78,37%)
3. Black Eyed Peas – Pump It (77,80%)
4. Michael Jackson – Wanna be Startin' Somethin' (77,11%)
5. Meghan Trainor – All About That Bass (76,59%)
6. Jessie J – Price Tag (76,46%)
7. Luis Fonsi ft. Daddy Yankee – Despacito (Remix) (76,39%)
8. DJ Ötzi – Hey Baby (Radio Mix) (76,36%)

9. Bruno Mars – The Lazy Song (76,26%)
10. Michael Jackson – Beat It (76,13%)

Soss ass de Michael Jackson direkt zwee Mol an den Top 10 mat dobäi, eng Kéier mat "Beat It" an och mat "Wanna be Startin' Somethin'". Am Ranking fënnt een dann och nach "Price Tag" vum Jessie J, "Despacito" vum Luis Fonsi an dem Daddy Yankee oder "All About That Bass" vum Meghan Trainor. De Versécherungsexpert vu "Compare the Market", Adrian Taylor, seet am Fazit vun der Analys, dass een d'Musek beim Autofueren net nëmmen no perséinleche Virléiften eraussiche sollt, mee och d'Verkéierssécherheet eng Roll misst spillen. Dat géif net nëmmen deenen anere Leit am Verkéier, mee virun allem engem selwer hëllefen, ganz unzekommen.