A gutt 20 Minutte geet se un, déi 20. Editioun vum Relais pour la Vie. Iwwer 13000 Leit si well ageschriwwen, dat an am ganze 514 Ekippen déi sech wärend 24 Stonne relayéiere a lafen oder gi fir sech solid. Dans les premiers moments du Relais pour la Vie, plus de 300 Su De Sébastien huet lescht Joer seng Fra verluer. De Kriibs war leider méi staark wéi d'Sandy, sou wéi dat leider nach ëmmer vill ze dacks de Fall ass. An dat soll sech iergendwann änneren, fir säi Mann, fir Iech, fir eis, fir jiddereen. Dat seet sech de Sébastien an och d'Fondation Cancer déi d'Sandy immens wärend senger Krankheet ënnerstëtzt huet.

13/02/2025 Relais pour la Vie Team Sandy

Fir der Fondatioun fir hiren Asaz Merci ze soen, huet de Sébastien d'Team Sandy an d'Liewe geruff mam Zil e Maximum u Spenden am Kader vum Relais pour la Vie ze sammelen. Sébastien Hamel:
"Ech hunn eng Ekipp zesumme gestallt fir beim Relais pour la vie mat ze lafen oder ze goen, sou wéi jidderee wëll. An de Relais pour la Vie ass jo u sech primär dofir geduecht fir Donen ze sammele fir der Fondation Cancer d'Mëttelen ze ginn, deene betraffene Leit ze hëllefen, fir der Recherche Mëttelen ze gi endlech eppes Effikasses ze fanne géint de Kriibs oder op mannst mol eppes fir en an de Grëff ze kréien."

Fir d'Team Sandy si mëttlerweil scho 46 Leit vun engem maximum vun 48 Leit ageschriwwen. Si wäerten um Relais pour la Vie hiren Deel dozou bäidroe fir d'Lutte géint de Kriibs aktiv ze ënnerstëtzen. Ma dat geet dem Sébastien awer net duer, hie wëll méi:
"Ech hu mir Gedanke gemaach wat ee maachen an iergendwann koum dann déi Iddi Bamkuch ze maachen an deen ze verkafen. Bis elo krut ech just positive Feedback an de Compteur gëtt mir Recht."

Effektiv huet dëse mëttlerweil 11.000 Euro iwwerschratt. Nieft den iwwer 100 Commanden u Bamkuchen, déi schonn erakomm sinn, mobiliséiere sech awer och ronderëm de Familljepapp ëmmer méi Leit.

"Ech si wierklech vu ville Leit ugeschwat gi wat si maache kéinten. Ech denken zum Beispill un d'Priscilla, wat e Coiffeur-Salon zu Hoen huet, dat huet spontan eng Spuerbéchs bei sech am Salon opgestallt a mécht och kräfteg Reklamm. En anert Beispill ass meng Schwëster, wat am CHL schafft a wat selwer gemaache Seefen do verkeeft. Ech sinn haut nach vun enger Madamm kontaktéiert ginn, déi heekelt a sou Saachen op Floumäert verkeeft an dat och maache wëll fir d'Team Sandy ze ënnerstëtzen."

Donieft ass et awer d'Chorale "VoicEmotion" an där d'Sandy aktiv war, déi 1.000 Euro gespent huet oder e Schoulkolleeg vun engem vu senge Jongen, deen op seng Gebuertsdagskaddoe verzicht huet fir en Don ze maachen. Ma de Sébastien hofft op nach méi Donen.

"Et muss nach viru goen, et ass nach Zäit bis de Relais pour la Vie a wann dat déi Sue sinn déi den Duerchbroch bréngen, da GO! 

Matmaache kann dann och jiddereen.

"Um Site vum Relais pour la Vie einfach nom Team Sandy sichen an da kann een doriwwer en Don maachen an natierlech och andeems een e Bamkuch bestellt oder andeems ee selwer eng Aktioun ka proposéieren, also ech sinn oppe fir alles."

Wann och Dir de Sébastien a sengem Engagement ënnerstëtze wëllt, da kënnt Dir hien iwwert Messenger kontaktéieren. Dir fannt hien op Facebook ënnert "De Séb"

An hei kënnt Dir Ären Don maachen: