
© Pixabay
... 39 Joer gëtt d'Haaptmodul vun der sowjetescher Raumstatioun Mir an de Weltall geschoss. Den deemools gréisste kënschtlechen Objet am Äerdorbit gëllt nom éischte Satellit Sputnik 1957 an dem Juri Gagarin sengem éischte Weltraumflug 1961 als gréisste Succès vun der sowjetesch-russescher Raumfaart. 2001 huet d'Mir hiren Déngscht erfëllt a gëtt kontrolléiert ofstierze gelooss.
De Fridde vu Westminster gëtt 1674 tëscht England an Holland ënnerschriwwen. 3 Kricher huett et do virdru gebraucht bis endgülteg feststeet, dass di hollännesch Kolonie Nieuw Amstersdam un der Ostküst vun Amerika un d'Englänner fält. Des Kolonie gëtt zu Éiere vun hirem zukünftege Kinnek, deen deemools nach den Titel Duke vu York dréit, a New York ëmbenannt.
Enn vum 19. Joerhonnert schafft de jonken Dokter John Kellogg an engem Sanatorium fir gesond Iessgewunnechten. Hien ass der Meenung, dass Deegwueren ouni Goût e gutt Mëttel géint Masturbatioun sinn, an erfënnt zesumme mat sengem Brudder Will kleng Flacken aus Weess. Doraus ginn di faméis Corn Flakes - haut virun 119 Joer maachen di 2 Bridder hir Cornflake Company op.
Fir di éischte Kéier an der Geschicht vum Land gëtt Australien 1942 vun de Japaner attackéiert. Dësen éischte vun am Ganze 97 Loftugrëffer gëllt der Stad Darwin am Norde vum Land an ass gläichzäiteg vun allen dat schwéierste Bombardement. D'Japaner geheien do méi Bommen of wéi bei der Attack op Pearl Harbour - an der Populatioun kënnt et an der Suite vum Krich zum Phänomen vun der sougenannter Darwin Panic.
1976 hunn Island a Groussbritannien eng aner Zort Ausenanersetzung. Diplomatesch Bezéiunge ginn op Äis geluecht, an et brécht deen entretemps drëtte Cabillaud-Krich aus. Zanter 1958 gi béid Länner sech net driwwer eens, wien wou a wéi wäit viru senger Côte Fësch dierf fänken. Island ka sech um Enn behaapte géint d'Britten, an di festgeluechte Grenze ginn duerno vun den EWG-Länner unerkannt.

© Pixabay
De Fidel Castro geet 2008 an d'Pensioun, wéi e seng Ämter u säi Brudder Raúl iwwergëtt. Zanter knapp 50 Joer war de Castro op Kuba eleng um Rudder. 2016 stierft de Fidel am Alter vu 90 Joer, säi Brudder bleift bis 2021 stäerkste Mann op der Insel.
1957 kënnt de Johann Hölzel zu Wien op d'Welt. Ënnert sengem Kënschtlernumm Falco gëtt hien e weltbekannte Museker. 1998 stierft de Falco an der Dominikanescher Republik bei engem Autosaccident.
Henry Olusegun Adeola Samuel ass de richtege Numm vum Seal. De brittesche Museker feiert haut säin 62. Gebuertsdag.
An haut viru 45 Joer stierft de schottesche Museker Bon Scott. De Sänger vun AC/DC ass warscheinlech un enger Alkoholvergëftung gestuerwen.