
© The Classic Rock Show
Méindes den 3. Mäerz kënnt déi brittesch The Classic Rock Show bei eis op Lëtzebuerg an de Club vun der Rockhal!
Pink Floyd, Led Zeppelin, Queen, The Rolling Stones, The Eagles, AC/DC, The Beatles, Dire Straits, Meat Loaf, ZZ Top, Eric Clapton, Aerosmith, The Who, Toto, Van Halen, Fleetwood Mac - alleguer an engem Owend? Méiglech mécht dat The Classic Rock Show! Déi 8 Museker ronderëm de musikaleschen Direkter James Cole an de Leadsänger Rudy Cardenas presentéiere wärend hirer Show nämlech déi gréissten Hymnen aus der Rock-Geschicht. Nout fir Nout, a Riff fir Riff bréngt d'Band hire Public esou emotional zeréck an déi ikonesch Rock-Ära.
De Leadsänger Rudy Cardenas gouf 2002 als Finalist vun der 6. Staffel vun der Castingshow "American Idol" bekannt. Hien huet déi Erfarung a Plattform genotzt, fir sech eng Karriär op der Bün opzebauen. Nieft engem Solo Album war de Cardenas déi lescht Joer virun allem mat der Classic Rock Show op där ganzer Welt ënnerwee. Mëttlerweil huet d'Formatioun iwwer 100 Millioune Views op YouTube, vun der London Times gouf d'Show als "The Best Rock Show On The Planet" bezeechent.
Séchert Iech hei Är Ticketen fir The Classic Rock Show den 3. Mäerz an der Rockhal!