De legendäre Musical "Mamma Mia!" kënnt elo am Mäerz op Lëtzebuerg!

03/03/2025 "Mamma Mia!" @ Rockhal

"Mamma Mia!" ass ee sougenannten Jukebox-Musical. Dat heescht et gi Lidder benotzt, déi schonn existéieren an net extra fir d'Notzung an engem Musical geschriwwe goufen. A "Mamma Mia!" erwaarden Iech déi bekanntste Stécker vun der schwedescher Pop-Band ABBA: "Dancing Queen", "Super Trouper", "The Winner Takes It All" oder "Gimme! Gimme! Gimme!". D'Kompositioune komme vum Benny Andersson a Björn Ulvaeus selwer, d'Libretto vun der Geschicht kënnt vun der brittescher Auteurin Catherine Johnson.

Och wann hir Lidder am Musical gespillt ginn, geet et a "Mamma Mia!" net ëm d'Erfollegsgeschicht vun ABBA, mee ëm déi elengerzéiend Mamm Donna. Säit de 70er lieft d'Donna lieft mat hirem 20-järege Meedche Sophie op enger klenger griichescher Insel an huet do ee klenge selwer gebaute Restaurant. D'Sophie wëll onbedéngt wësse wie säi Papp ass an invitéiert dofir, 20 Joer méi spéit, dräi Männer aus der Vergaangenheet vu senger Mamm op seng Hochzäit op déi griichesch Insel.

Déi turbulent Geschicht a Kombinatioun mat den Tophits vun ABBA mécht "Mamma Mia!" zu engem vun deenen erfollegräichste Musicals op der Welt!