
© Photo by FBO Media: https://www.pexels.com/photo/driver-in-front-of-a-black-volkswagen-golf-gti-with-open-hood-20499337/
All Dag melle mir hei um Radio etlech Autoen en Panne - op den Autobunnen awer och Landstroossen. Et ginn definitiv méi schéi Situatiounen, ewéi wann engem säin Auto matze wärend der Faart streikt. De Frank Maas vum ACL verréit, wéi ee sech verhale soll, wann ee selwer eng Kéier am Fall wier.
Besonnesch op der Autobunn ass eng Pann ganz kritesch. "Als éischt soll een d'véier Winkeren umaachen", seet de Frank Maas vum ACL. "Da soll een den Auto op der Pannespuer ofstellen an d'Warnwest schonn direkt am Auto undoen. Am wichtegsten ass et, ni zur Säit vun der Autobunn erauszeklammen, mee direkt hannert d'Leitplanken ze kommen, also d'Autobunn ni ze betrieden. Aus Sécherheetsgrënn brauch een hei zu Lëtzebuerg och kee Warndräieck opzestellen. Duerno soll een natierlech ëm Hëllef ruffen an op kee Fall selwer eppes um Auto schaffen. Och vum ACL aus intervenéiere mir ni op der Autobunn selwer, mee bréngen den Auto op eng sécher Plaz."
Op der Landstrooss gëllen déi selwecht Consignen, bis op de Fait, dass een do e Warndräieck opstelle soll - natierlech ouni sech a Gefor ze bréngen. Ëmmer erëm gesäit een, dass Leit an hiren Autoe sëtze bleiwen. Dat soll een awer absolutt evitéieren: "Nee, op kee Fall soll een a sengem Auto sëtze bleiwen. Dat ass extrem geféierlech, well d'Pannespuer jo direkt un der Autobunn drun ass. Do geet et duer, dass e Camion oder en aneren Auto ganz liicht géifen deviéieren an den eegenen Auto kéinten ze pake kréien."
Wann een eng Pann mam Auto huet, ass dat eng absolutt stresseg Ausnamesituatioun. Wann een Hëllef rifft, ass et dowéinst oft net esou einfach sech ze orientéieren a genee ze kommunizéiere wou een da grad steet. Do hëllefen d'ACL-App an d'SOS-Borne laanscht d'Autobunnen: "Déi automatesch Lokalisatioun ass ëmmer dat bescht, well et ass immens schwéier sech op enger Autobunn erëmzefannen an erauszefanne wou ee genee steet. Am einfachste geet et, wann een dat iwwert eis App vum ACL mécht. Domat gëtt een direkt lokaliséiert, genee do wou ee grad drun ass. Op der Autobunn stinn awer och Bornen, duerch déi och engem seng genee Positioun lokaliséiert ka ginn."