Fir Warnweste gëtt et am Fong eng offiziell Norm. Obwuel se dës Norm erfëllen, sinn an engem Test vum däitschen ADAC, vu 25 geteste Warnwesten, 60% duerchgefall. Virun allem waren dat Modeller déi ee bei Online-Ubidder ewéi Amazon ze kafe kritt. De Frank Maas vum ACL huet zwee Tipps, wéi een eng Warnwest virum Akaf op seng Effikassitéit teste kann!

21/02/2025 Wéi erkennen ech eng gutt Warnwest?