
© pixabay.com
Wat wier d'Fuesent ouni Kannerfuesbal? Grad déi Kleng freeë sech wéi d'Gecken drop wann et nees un der Zäit ass d'Boken opzedoen. An dofir hu mir Iech eng kleng Selektioun vun deene gréisste Kannerfuesbaler am Land gemaach.
Ugefaange mat Hesper. Hei ass et e Samschdeg Nomëtteg de Snoopy's Bal, dat am Centre Joseph Altmann. Lass geet et um 14 Auer an de Fuesbal dauert ganzer 5 Stonnen.
"De Snoopy's Bal ass Traditioun hei an der Gemeng, organiséiert vum Telstar Hesper, dem Basketsveräin. An do ass all Joer richteg eng lass, dee Sall ass ëmmer richteg gutt gefëllt."
Tickete brauch een net am Viraus ze kafen:
"D'Kanner brauche keng Entrée ze bezuelen, just fir déi Erwuesse gëtt et eng Owes- respektiv Mëttes-Kees, wéi een et och ëmmer nenne wëllt."
An déi bezuelen 8 Euro, egal mat wéi vill Kanner si kommen. Um Programm wéi et sech fir sou e Kannerfuesbal gehéiert: Kanner-Animatioun mat ville Spiller an uewendrop nach eng Tombola.
Wien éischter am Norde vum Land wunnt, kann e Samschdeg awer och op Dikrech op de Kannerfuesbal goen. Sandro Dimola, President vun den Eselen aus der Sauerstad Dikrech:
"Deen ass hei zu Dikrech an der Aler Seeërei, mat flotter Animatioun. An do gëtt et och eppes ze iessen, do gëtt et natierlech eppes ze drénken, do ass e Clown sur Place an do gëtt et och e Glécksrad, Gewënnspiller a sou weider a sou fort. Dat heescht fir Grouss a Kleng ass do gesuergt an et muss een net onbedéngt e Kand si fir dohinner ze kommen. Als Erwuessene kann een och gäre kommen."
Rendez-vous ass hei ab 14 Auer. Fir 4 Euro Entrée kënnen d'Fuesboken hei bis 18 Auer Spaass hunn.
Zu Déifferdeng heescht et dann e Sonndeg Spill a Spaass fir déi Kleng, dat um Mini Clochard's Bal an der Hall O zu Uewerkuer. Pascale Lorang vun der Déifferdenger Gemeng:
"Et ass Musek do fir déi Kleng, et gi Spiller gemaach, Loftballonen, Facepainting...alles wat déi Kleng eben halt sou gären hunn. D'Kanner kënne lafen, jäizen, sprangen a sech natierlech verkleeden. Wat brauch e Kand méi?"
Lass geet et hei um 15 Auer. Fir 5 Euro Entrée kënne sech hei Grouss a Kleng 3 Stonne laang ameséieren.