
© Pixabay
... 146 Joer mécht den Amerikaner Frank Woolworth säin éischte 5-Cent-Buttek op, deen awer séier d'Baach era geet. Puer Woche méi spéit geet säin éischten 10-Cent-Buttek op an dee gëtt en erfollegräiche Geschäftsmodell. Woolworth gëtt an der Suite zum erfollegräichste Verkafshaus vun der Welt.
Haut viru 90 Joer krit di däitsch Gesangsgrupp Comedian Harmonists verbueden, weider zesummen opzetrieden. 3 Membere si net aresch. Och de Numm vun der erfollegräicher Band ass ondäitsch an dierf net méi benotzt ginn. Si decidéieren doropshin, als Meistersextett opzetrieden, an zwee Ensembelen ze forméieren - een an Däitschland, een am Ausland.
1974 versicht e geeschteg gestéierte Mann, um Flughafen zu Baltimore e Fliger ze entféieren. Hien wëllt mat dësem zu Washington op d'Wäisst Haus falen an esou de Präsident Richard Nixon ermuerden. 25 Joer méi spéit gëtt déi Iddi rëm aktuell... Bei deem Versuch stierwen eng Persoun vum Flughafen an e Polizist - den Täter hëlt sech selwer d'Liewen.
1980 kënnt et op den Olympesche Wanterspiller zu Lake Placid zum sougenannte Miracle on Ice. Di amerikanesch Nationalekipp am Äishockey ka sech mat 4:3 onerwaart géint de grousse Favorit aus der Sowjetunioun behaapten. D'Hal steet Kapp, d'Fans zielen di lescht Sekonnen erof an op der Tëlee schwätzen se vun engem Wonner.
De franséische Präsident Jacques Chirac annoncéiert 1996, dass de Service beim Militär an Zukunft net méi obligatoresch wäert sinn. Di franséisch Arméi gëtt professionaliséiert - si ass haut di zweetgréissten Arméi an Europa an di fënneftgréisste weltwäit.

© Pixabay
1999 leeën di bulgaresch an di mazedonesch Regierungen e jorelaange Sträit ëm d'Sprooche bäi. Bulgarien erkennt di mazedonesch Natioun an och hir Sprooch als eegestänneg un. Mazedonien erkläert am Géigenzuch, an Zukunft keen Afloss méi ze huelen op di mazedonesch Minoritéit a Bulgarien.
Haut viru 4 Joer ginn Daft Punk hir Opléisung bekannt. De franséische Musekerduo, dee sech hanner Roboterhelmer verstoppt, feiert wärend 28 Joer grouss Hitten a gewënnt 7 Grammyen. E Grond fir d'Opléisung vum Projet nennen se net. Mussen se jo och net.
1810 kënnt de polnesche Komponist a Pianist Frédéric Chopin op d'Welt.
De lëtzebuergeschen Historiker an Auteur - de Godfather of Lëtzebuerger Sprooch op RTL - Alain Atten feiert säi 87. Gebuertsdag.

© rtl.lu
1949 gebuer gëtt de Niki Lauda, éisträichesche Formel-1-Weltmeeschter an Entreprener.
50. Gebuertsdag fir d'Drew Barrymore, amerikanesch Actrice a Filmproduzentin, déi duerch de Film E.T. bekannt gëtt.
45 Joer al gëtt den däitsche Gittarist a Sänger Axel Bosse.