
© pixabay
Haut, den 13. Februar, feiere mir zesumme mat alle Radiostatiounen op der ganzer Welt. Et ass de Weltradiodag a mir huelen iech mat op eng kuerz Rees duerch d'Geschicht an d'Bedeitung vun dësem Dag.
De Radio ass e Medium, deen sech iwwer Joerzéngten als eng vun den zouverlässegsten a flexibelsten Informatiounsquellen bewisen huet. Trotz der Entwécklung vun neien digitale Plattformen, bleift d'Radiosfrequenz e wichtegen Deel vum Alldag vu Millioune Mënschen op der ganzer Welt. Michèle Schons?
D'Initiativ fir de World Radio Day koum vun der spuenescher "Academia Española de la Radio" an huet bei der UNESCO direkt Uklang fonnt. Schonn 2011 gouf de Weltradiodag offiziell duerch déi 36. Generalkonferenz vun der UNESCO agefouert an déi éischt Feiere waren 2012. Den Datum steet an direkter Verbindung mat der Grënnung vum United Nations Radio, deen den 13. Februar 1946 op Sendung gaangen ass.
Dës Entscheedung ass also net zoufälleg, mee wéi eng Roll spillt de Radio haut nach an eiser Gesellschaft?
De Radio ass och haut nach ee wichtegt Medium, besonnesch a Situatioune wou séier an zouverlässeg Informatiounen néideg sinn. An a Regiounen, wou den Internet net ëmmer zougänglech ass, ass de Radio nach ëmmer eng Liewenslinn. Vill Mënsche vertrauen op d'Radionoriichten, well se dacks méi direkt a präzis sinn wéi aner Medien. Dobäi kënnt, datt de Radio och eng vun den eenzegaartege Medienformen ass, déi och mat einfache Mëttel an nohalteger Technologie funktionéiere kann. En ass iwwerall zougänglech, einfach ze benotzen an net op Internet oder Stroum ugewisen.
D'UNESCO wëllt mat dësem Dag d'gesellschaftlech a kulturell Bedeitung vum Radio ënnersträichen, an domat och d'international Zesummenaarbecht tëscht de Radiostatioune fërderen.