
Mir schwätzen haut iwwer de World Radio Day an d’Zukunft vum Radio. A mat der Evolutioun vun neien Technologie stellt sech d’Fro: Wéi eng Roll wäert de Radio an de kommende Joren nach spillen?
D'Zuelen zu Lëtzebuerg schwätze fir sech: All Dag lauschtere méi wéi 350.000 Leit hei am Land Radio. An an der Moyenne verbréngen d'Nolauschterer 3 an eng hallef Stonn den Dag domat. 9 vun 10 Leit kréien an der Woch informativen, edukativen oder ënnerhalenden Inhalt iwwer dëse Medium vermëttelt. Awer wéi huet sech d’Lauschteren iwwer d’Jore verännert, Michèle Schons?
Et gesäit een eng kloer Tendenz, datt digital Plattformen ëmmer méi wichteg ginn. Vill Leit lauschteren haut iwwer Streaming, Podcasts oder iwwer hir Smartphones. Mee och klassesch FM an DAB+ hunn nach ëmmer eng grouss Relevanz. Dat läit virun allem dorun, datt Radio eng direkt a live Erfarung bitt, déi net ëmmer duerch algorithmusgesteiert Playlëschten ersat ka ginn. D'Emissiounen hunn eng perséinlech Nott, an d'Nolauschterer fillen sech mam Sender verbonnen, wat eppes ass, wat digital Medien net ëmmer kënnen ersetzen. Musek bleift den Top-Inhalt, fir iwwer 90% vun de Leit, déi reegelméisseg Radio lauschteren. Dono kommen Traffik, Wiederinfoen a regional Noriichten. Och an Noutfäll - wann d’Kommunikatiounssystemer ausfalen - bleift de Radio déi zouverlässegst Informatiounsquell.
De Radio ass also definitiv nach laang net ausgestuerwen?
En huet sech ëmmer neien Technologien ugepasst, an dat wäert och an Zukunft esou bleiwen. D'Entwécklung vu Podcasts a digitalem Radio huet bewisen, datt d'Nolauschterer nach ëmmer un dësem Medium interesséiert sinn. Besonnesch d'Interaktivitéit a lokal Verbonnenheet spille bei ville Radiostatiounen eng wichteg Roll. Et gëtt nach ëmmer e Besoin no enger direkter, mënschlecher Stëmm, déi informéiert, begleet a berouegt.
D'Thema vum World Radio Day 2025 ass "Radio and Climate Change" an d’Roll vum Radio an dësem Kontext gëtt ëmmer méi wichteg. Ob iwwer traditionell Wellen oder digital Plattformen - de Radio ass a bleift en Haaptbestanddeel vun eiser Medielandschaft.