An elo geet et nees fir e Moment an d'Déierepraxis, wou een an engem Dag, sou zimmlech alles - vun - bis, erliewe kann. Net, dass just allméiglech Déieren op 2 oder 4 Patten oder mat Flilleken hir Problemer hunn a laanscht kommen, mee vill Leit froen um Telephon schonn ëm Hëllef, Romi Roth.

Eng ferm genervten Damm rifft an der Praxis un: hier zwou Kaze Spotty a Josefinn hätte wuel en uerge Problem. Si géifen elo schonn e puer Nuechte riichtduerch immens haart jäizen, et krit ee keen A méi zou an d´Nopere wieren och schonn e bëssen irritéiert. Vläicht och well et net déi éischte Kéier wier, dass si sech op déi Manéier produzéiert hätten. Am Dag wieren d´Miissen elo och nervös a granzeg. An des Lescht wier elo och iwwerall am Haus Pippi vun hinnen ze fannen. Nodeems aus dem Gespréich och kloer gouf, dass d´Kazemidderchen nach net steriliséiert war, stoung fir eemol schonn um Telefon d´Diagnos fest: d´Josefinn war kuedereg an huet domat och dem kastréierte Spotty d´Liewen zur Hell gemaach.

Romi Roth - Kastratioun e must bei Kazen - Fall

Gëtt et da net esou een chemesch Kastratiouns-Chip fir géint Kuederegkeet?

Dat war direkt dunn och d´Fro vun der Kazemeeschtech. An et gëtt effektiv och e puer Antibaby- an Antikuederegkeet-Medikamenter fier Kazen. Leider féieren déi awer nach ëmmer bal an all Fall zu ganz schwéiere Komplikatiounen, vun deenen eng eetreg Gebärmutterentzündung nach déi mannst wier. D´Kastratioun ass a bleift déi beschte Method fir bei der Kaz esouwuel d'Kuederegkeet wéi och de Nowuess ze verhënneren. A wéi leider net esou rar Fäll beweisen, wou dann een och erëm enger weiblecher Kaz déi sou genannt Komfort-OP erspuere wollt an déi du schwéier kriibskrank gouf, och definitiv déi eenzeg richteg.

Romi Roth - Kastratioun e must bei Kazen - Léisung

D´Josefinn ass du séier operéiert ginn a war no enger Therapie géint Blosereizung duerch déi laang Kuederegkeet, no e puer Wochen och erëm ganz propper am Haus.