
Narri-Narro, Helau an Alaaf... Mir si matten an der Fueszäit an d'Gecke sinn nees lass. Fir dass dir och fir déi nächst Fuesparty equipéiert sidd, dierfen déi gutt Kichelcher natierlech net feelen. Fritéiert Hief- oder Quarkgebäck gëtt et an alle kathoulesche Reliounen, net nëmmen an Däitschland oder bei eis. Iwwerall huet dës Traditioun dee selwechten Zweck: Virun der Faschtenzäit soll nach eng Kéier esou richteg Speck op d'Rëpper, Michèle Schons?
Ob Verwuerelter, Nonnefäscht, Quarkbällercher, Badische Scherben, Rheinische Mutzen, Berliner, Polsterzipf oder Hasenöhrli, den Numm ënnerscheet sech, de Kaloriegehalt kaum. Si sinn all mat Zocker bestëbst, muncher hunn nach Gebeess oder Schockela bannendran. Witzeg sinn net nëmmen d'Nimm, ma och d'Geschicht, wéi d'Anne Faber, vun Anne's Kitchen eis verroden huet.
D'Nonnefäscht oder d'Nonnefürzle wéi se am Allgäu genannt ginn, missten eigentlech Nonnenfürtchen heeschen, wat vum mëtteldäitschen "nunnekenfurt" kënnt, wat esou vill heescht wéi - Vun den Nonnen am beschten zoubereet. E Witzbold hat viru laangem de Fierzchen draus gemaach, ronderëm deen sech haut vill Legenden dréinen.
Och de Choix vum richtege Fett ass beim Fuesgebäck relevant. Flësseg Planzefetter, fir d'Friteuse gëeegent, sinn déi bescht. D'Fett gëtt op 170 bis 180 Grad erhëtzt an esoubal et waarm genuch ass, kann d'Gebäck dra gemaach ginn. Ausgebake Berliner ginn am Beschte gefëllt, wann se nach waarm sinn, déi aner Kichelcher freeën sech iwwert eng Schicht Pudderzocker mat Kanéil.
