
Och wann d'Fuestraditioune vu Regioun zu Regioun ënnerschiddlech sinn - frittéiert Gebäck ass fir déi geckeg Zäit iwwerall immens beléift. Traditionell ginn et haut Verwurelter, Berliner, Nonnefäscht, Mutzen an nach vill aner Zorten, e Brauch, dee bis an d'Mëttelalter zeréckféiert, well och do schonn op fetten Donneschdeg déi leschte Kéier virun der Faschtenzäit geschluecht gouf an d'Leit fetteg Moolzechte gekacht hunn. Michèle Schons?
Och wa Fettgebakenes eng gutt Basis ass, fir den Alkohol besser ze verdroen, esou hat dat kalorieräicht Gefrupps fréier awer nach eng aner Bedeitung. Et wollt een sech kuerz virun Faaschten nach eng Kéier richteg saat iessen. Als Nieweproduit ass vill Fett a Schmalz entstanen, wat sech gutt gëeenegt huet, fir dat séisst Gebäck auszebaken. D'Anne Faber vun Anne's Kitchen huet e Rezept, wat scho fréier seng Mamm kannt huet an huet eis erkläert eis wisou seng Verwuerelt esou gutt sinn:
Nierft de "Verwuerelte Gedanke" ginn et natierlech an eiser Géigend och nach d'Krapfen, Kräppel oder d'Pfannkuchen, déi mir als Berliner kennen. Mutzenmandel, Schmalzgebäck, Scherben, Purzelchen oder Nonnenfürzle stinn an Däitschland och nach um Fuesmenu, awer och an Italien gëtt et Fettgebackenes a Form vu Chiacchere a Fritelle, Bollos de Berlim a Portugal, Packzi a Polen oder Oliebollen an Holland.
Anne's Verwuerelter:
Fir 45 Stéck – Virbereedung: 1 Stonn – Roupaus: 2 Stonnen
500g Miel
1 Wierfel frësch Hief (42g)
120g Zocker
125ml waarm Mëllech
80g Botter, Raumtemperatur
2 Eeër
¼ TL Salz
40ml Rum
2l Ueleg fir d’Frittéieren*
Fir ze zervéieren:
Pudderzocker
Kanéil
Quetschekraut
Al alleréischt mécht een e Virdeeg. Mëllech an eng grouss Schossel ginn an eng Kaul an der Mëtt maachen.
D'Hief an en Glas ginn, mat der waarmer Mëllech an 1 Iessläffel Zocker vermëschen an opléisen. D'Mëllech-Hief-Mëschung virsiichteg an d'Kaul schëdden, sou datt näischt driwwer eraus leeft. Déi flësseg Mëschung virsiichteg verréieren, an ëmmer e bëssen Miel vum Rand eraknieden, sou datt e flëssegen Deeg entsteet. Mat e bëssen Miel bestëbsen.
D'Schossel mat engem fiichte Kichenduch zoudecken a bei Raumtemperatur 30 Minutten opgoe loossen.
No 30 Minutten de Rescht Zocker, Botter, Eeër a Salz derbäiginn an an der Kichemaschinn vermëschen. Soubal alles zu engem Deeg vermëscht ass, Rum derbäiginn an 5 Minutten zu engem glaten Deeg knieden.
D'Schossel mat engem fiichte Kichenduch bedecken a bei Raumtemperatur 1 Stonn opgoe loossen.
No 1 Stonn den Deeg aus der Schossel huelen an op enger gemielter Aarbechtsfläch nach kuerz duerchknieden an 1cm déck ausrullen.
Den Deeg a laang Sträife vu ca. 10 x 2 cm schneiden. Aus all Sträif en labbere Knuet maachen an d'Kniet op eng Plack leeën. Déi fäerdeg Kniet mat engem dréchene Kichenduch zoudecken an 30 Minutten bei Raumtemperatur opgoe loossen.
Wärend d'Kniet opginn, d'Fett an der Friteuse (ouni de Fritéierkuerf) oder an enger Kasseroll op 180°C erhëtzen.
No an no all d'Kniet frittéieren, dobäi soll een net ze vill mateneen an d'Fett ginn, sou datt se all un der Uewerfläch schwamme kënnen.
1 ½ -2 Minutten op all Säit frittéieren, bis se goldbrong sinn.
Déi frittéiert Kniet mat engem Schëpfläffel aus dem Fett huelen an op engem mat Kichepabeier ausgeluechten Teller ofdrëpse loossen.
Kuerz virum Zervéiere Pudderzocker mat Kanéil vermëschen an iwwer d'Verwuerelt stëbsen. Mat Quetschekraut zerviéieren.
Esou halen se méi laang: Verwuerelter kënnt der afréieren. Einfach nach um selwechten Dag nom Frittéieren ouni Zocker an de Freezer an da spéider an der Mikrowell fir e puer Sekonnen opwiermen.
*Et gi vill verschidde Frittéierfetter an -ueleger, déi och de Goût vum Gebäck beaflossen. Mir schmaacht d'Fett vun der Mark Fula am beschten.
