
© Photo by Felix Mooneeram on Unsplash
Haut leeft de Film "Ein Mädchen namens Willow" vum renomméierte Kanner- a Jugendfilm-Regisseur Mike Marzuk ("Fünf Freunde") hei zu Lëtzebuerg an de Kinoen un.
Wat soll d'Willow da mat engem Stéck Bësch ufänken? Deen huet dat jonkt Meedchen nämlech vu senger Grousstatta Alwina geierft. An net nëmmen dat: D'Alwina huet dem Willow och nach ee klengt, schiift Haischen a virun allem och hir Hexekraaft hannerlooss. An déi muss d'Willow notze fir säi Bësch ze retten, dee soll nämlech ofgeholzt ginn fir een Akafszenter dohin ze bauen. Allerdéngs: Fir seng ganz Hexekraaft vum Feier ze aktivéieren, muss hatt fir d'éischt dräi weider jonk Hexe fannen an esou déi véier Elementer Feier, Waasser, Loft an Äerd vereenen. Zum Gléck ass d'Willow awer net eleng, well de Rufus, e Fuuss, wäicht net méi vu senger Säit.
"Ein Mädchen namens Willow" baséiert op der Kannerbuchrei vun der däitscher Schrëftstellerin Sabine Bohlmann. D'Bicher hunn et ënnert anerem op d'Bestseller-Lëscht vum Spiegel gepackt. D'Sabine Bohlmann ass och Schauspillerin an huet eng kleng Gaaschtroll am Film. D'Willow gëtt gespillt vum Ava Petsch.