
© afp
Der Legend no soll YouTube beim Owesiessen entstane sinn: Op enger Dinnerparty hunn déi dräi PayPal-Mataarbechter Steve Chen, Chad Hurley an Jawed Karim d'Plattform konzipéiert, op där all Mënsch Videoen eropluede kann. De 14. Februar 2005 ass d'Website YouTube.com online gaangen - also viru genee 20 Joer!
Deen alleréischte Video huet den Jawed Karim selwer eropgelueden. "Me at the zoo" heescht de Clip vun 19 Sekonnen, an deem den Jawed am Déierepark vu San Diego vun de laange Rüssele vun Elefante schwäermt. De Video huet mëttlerweil bal 360 Millioune Views.
YouTube gëtt net nëmmen an der Internet-Community séier bekannt, och d'Werbeindustrie entdeckt d'Plattform séier fir sech. Am November 2005 knackt eng Nike-Reklamm mam Ronaldinho als éischte Video iwwerhaapt d'Mark vun enger Millioun Views. Enn 2006 keeft Google YouTube fir 1,65 Milliarden Dollar op. En entscheedende Moment fir YouTube: Google setzt säin Know-how am Beräich Werbung an, an entwéckelt den erfollegräiche Modell, bei deem d'Recettë mat de Creators vu vill geklickte Videoe gedeelt ginn. Eleng am leschte Quartal 2024 huet de Google-Mammekonzern Alphabet mat YouTube-Reklammen 10,4 Milliarden US-Dollar ëmgesat.
Vun elo u kënne Video-Creators also op YouTube Sue verdéngen. Dat mécht d'Plattform zu engem Dramzil fir Kreativer a YouTuber gëtt ee richtege Beruff. Eleng an Däitschland ginn haut ronn 25.000 Vollzäitjobs mam Ökosystem YouTube associéiert. YouTube gëtt zu engem vun deene wichtegste popkulturelle Phenomeener vum 21. Joerhonnert. Videoen ewéi "Gangnam Style", "Evolution of Dance" oder "Harlem Shake" gi viral a präge ganz Generatiounen. Och den Opstig vu Weltstars ewéi Billie Eilish oder Justin Bieber ass enk mat YouTube verbonnen.
Mat der Popularitéit wiisst awer och d'Kritik u YouTube. Wéinst der Verletzung vun Droits d'auteur streit d'Plattform sech jorelaang viru Geriicht mat Labels a Verwäertungsgesellschaften ewéi der däitscher GEMA. Och d'Roll vu YouTube als Verbreeder vun Haassrieden, Fake News an aner problemateschen Inhalter gëtt ëmmer erëm a Fro gestallt. Der globaler Popularitéit deet dat awer näischt: Eleng op Fernsee-Geräter kucke Leit all Dag iwwert eng Milliard Stonne YouTube-Videoen, YouTube-Shorts generéiere 70 Milliarde Views pro Dag. Pro Minutt ginn iwweregens 500 Stonnen neit Videomaterial eropgelueden.