D'Gesondheet ass engem meeschtens egal, sou laang alles normal leeft an ee keng gesondheetlech Probleemer huet. Leeft awer eppes aus dem Rudder, da wëll ee séier géigesteieren. Den Marc Keipes, Dokter am GesondheetsZenter op der Gare huet sech haut mam Sproch 'Sport ass Mord' an erënnert un dat wat hie schonn 6 Joer hei op der Antenn priedegt.

De Mantra war, Sport ass besser wéi Medezin aka Pëllen, an dat géint Häerzkreeslaferkrankungen a souguer géint Kriibs. An dëser neier Etüd sinn iwwer 1000 Jogger wärend enger Phas vun 12 Joer iwwerwaacht gi mam Endpunkt Mortalitéit. Doriwwer ass jo dann och net ze diskutéieren, well heiansdo heescht e klengen Häerzinfarkt oder e Groussen, Mortalitéit, dout ass dout. Wann een déi Doudesraten mat Joggingsintensitéit, also der Vitess an dem Volummen opmoolt, kritt een eng U-Kurv. Kloer, kee Sport ass net gesond, a mat déi héchsten Stierflechkeetsrat aus dem Grupp.

Dr Marc Keipes - Sport ass Mord - Mantra

Dosis ass wichteg, an iwwerdreiwen an déi eng oder aner Richtung zitt ëmmer Problemer no sech.

Mee d'Jogger, déi méi wéi 5 Stonnen a méi wéi 50km d'Woch gelaf sinn, haten erëm eng méi héich Mortalitéit. Déi beschten Iwwerliewensrat haten déi Leit, déi ëm déi 3 Stonnen an 3 Seancen pro Woch gelaf si mat moderatem Tempo. An enger méi aler Etüd war schonn eng Kéier erauskomm, dass déi fréier Olympioniken, mat de beschten Peak-Performancen, also déi Allerséierst vun deene Séiere bis zu 5 Joer éischter stierwe wéi déi bëssche manner séier. Also: Sport ass besser wéi Medezin, mee genau wéi bei deene beschte Pëllen gëtt et eng optimal Zon vun der Doséierung. Genau, genuch Sport hält iech gesond.

Dr Marc Keipes - Sport ass Mord - optimal