Een Dag Astronaut sinn, dat ass warscheinlech den Dram vu fille Leit. D‘LSA, also d‘Lëtzebuerger Agence fir d‘Raumfaart lancéiert hir 2. Editioun vum Concours „Astronaut for a Day“. E Concours deen d‘LSA zesumme mat der ESA, der europäescher Weltraum Agence, organiséiert. Matmaache kenne Jugendlecher vun 13 Joer un, déi zu Lëtzebuerg an d‘Schoul ginn a sech notamment fir d‘Weltall an d‘Raumfaart intresséieren. Mat dësem Concours versprécht een sech, de Kandidaten d‘Méiglechkeet ze gi méi iwwert d‘Raumfaart gewuer ze ginn, Talenter ze developpéieren an de Weltraumsecteur zu Lëtzebuerg ze promovéieren.
Chris Meisch

12/02/2025 BAND "Astronaut for a Day" 7h30 ChrisMeisch (INTERNET)

Méi iwwer de Weltraumsecteur gewuer ginn, Abléck an déi verschidden Entreprisen a Beruffsméiglechkeeten zu Lëtzebuerg, a virun allem an engem Fliger déi sou genannte „Schwerelosegkeet“,wann ee guer net méi vun der Äerd ugezu gëtt, testen. Dat erwaart déi 10 Gewënner vum Concours. Bis dohin ass et awer ee wäite Wee. Kandidate musse virdrun änlech Tester wéi bei den Astronaute maachen, dorënner Verständnistester a kierperlech Evaluatioune. Den CEO vun der lëtzebuergescher Weltraumagence, Marc Serres.

„Mir maachen elo éischtens eng Konferenz mat de Jonken an do ginn da Presentatioune gemaach, erkläert wat am Secteur lass ass, mir kenne bëssi déi national Strategie erklären, wat zu Lëtzebuerg ass, international. An da wärend dem Summer hu mir och dediéiert Webinairen an do wäerte mir dann och méi spezifesch op verschidde Sujet‘en agoen. Ech géing dat elo net ee Kuer nennen, well esou strikt ass et net, et ass vill méi eng Informatioun an een Echange mat de Jonken.“

Ënnert anerem versprécht een sech mam Concours Jonker ze hunn, déi als Ambassadeuren de lëtzebuerger Weltraumsecteur promovéieren, fir de Leit ze weise wat fir Opportunitéiten et an dësem Secteur ginn. Duerch de Secteur spatial versprécht een sech eng ekonomesch Diversifikatioun. De Wirtschaftsminister Lex Delles.

„Et gesäit een dass et ee Secteur ass dee ganz dynamesch ass, deen op ganz ville verschiddene Domainen ass, a grad dat ass och den Interêt fir dat ze weisen. Fir dat Jonken ze weisen, fir dass se gesi wat ass iwwerhaapt de Weltraumsecteur hei zu Lëtzebuerg, fir se ze sensibiliséiere wéi eng verschidden Aarbechtsplazen et do gëtt, dass ee ka verschidde Studiegäng maache fir an dem Secteur kennen ze schaffen.“

De Mats Jung huet virun 2 Joer de Concours gewonnen, fir hie war et een Erliefnis dat hien ni vergiesse wäert.

„Wéi dat Ganzt encadréiert gouf war am Fong mega cool, well et u sech dorun orientéiert ass wéi een Astronaut och selektionéiert gëtt an duerno och ausgebilt gëtt. Dann am Fliger war mega, mega, mega ech mengen do stëllt een sech villes drënner vir. Ech hu mat ville Leit geschwat och vun de Kolleegen déi mat geflu sinn. Kee konnt et richteg a Wieder ausdrécke well et ee Gefill ass wat een néirens soss ka fillen. Dat heescht et ass definitiv den Erwaardungen trei bliwwen an ech géing jiddereen encouragéieren och do sech ze melle well et ass wierklech eppes wat een nëmmen eng Kéier am Liewe ka maachen.“

Domat ass et awer nach net ganz eriwwer. Nieft der Roll als Promoteur vum lëtzebuerger Weltraumsecteur fir ee Joer, hunn déi Jonk dëst Joer och d‘Méiglechkeet mat Entreprisen a Kontakt ze trieden a gesponsert ze ginn.