
© Pixabay
... 77 Joer fänkt zu London eng Konferenz u vun de westleche Besatzungsmuechten a vun de Beneluxlänner, fir d'Grondlag vun enger demokratescher Bedeelegung vun Däitschland an der Vëlkergemeinschaft ze schafen. D'Sowjetunioun ass net invitéiert an zitt sech dowéinst spéider aus dem Alliéierte Kontrollrot zréck.
Den Affekot Paul Harris grënnt 1905 zu Chicago zesumme mat 3 Frënn den éischte Rotary Club. Eng stabil a villsäiteg Communautéit, sou wéi den Harris se als Kand um Land erlieft huet, wou jiddereen deen anere sou gutt et geet ënnerstëtzt. Rotary ass een entretemps weltwäit verbreete Service-Club mat bal 1.4 Millioune Memberen, déi sech fir friddlech an humanitär Déngschter am deegleche Liewen asetzen.
Am Pazifikkrich gëtt 1945 op der japanescher Insel Iwo Jima eng weltberüümt Foto gemaach, wéi 6 amerikanesch Zaldoten uewen op engem Vulkan hire Fändel opriichten. E symbolescht Bild, dat entretemps milliounefach reproduzéiert ginn ass. Eigentlech war de Fändel scho moies opgeriicht ginn, mee dëse war de Responsabelen ze kleng. En zweete Grupp Zaldoten huet am Nomëtte mussen erop fir en duerch ee méi groussen z'ersetzen. Dobäi ginn di bekannte Fotoe geschoss.
1947 ass et zu Genf den éischte Schaffdag vun der neier Organisatioun fir Normen. ISO (vum griicheschen "isos" fir "gläich") schafft international Normen an alle Beräicher aus, mat Ausnam vun Elektrik an Elektronik, fir déi di International Elektrotechnesch Kommissioun IEC zoustänneg ass. Och ausgeholl ass d'Telekommunikatioun, fir deenen hir Standarden ass de Weltnoriichteveräin ITU responsabel. Allen 3 Organisatiounen zesumme këmmere sech ëm di weltwäit Standardiséierung.
Fir d'Wiel vun engem neie Ministerpresident ze verhënneren, kënnt et 1981 a Spuenie bal zu engem Militärputsch, wéi Membere vun der Arméi d'Regierung an d'Deputéierten als Geiselen huelen. Hinnen ass den Demokratiséierungprozess am Land en Dar am Aen. Den Ausnamezoustand gëtt ausgeruff, mee de Kinnek Juan Carlos ka via Tëleesusprooch dee Putsch verhënneren.
65 Joer al gëtt haut de Naruhito. Hien ass zanter 2019 den 126. Keeser vu Japan, a regéiert ënnert dem Motto Reiwa (schéin Harmonie). Well just männlech Membere vun der Keeserfamill en Urecht op den Troun hunn, an dem Naruhito säin eenzegt Kand eng Duechter ass, géif am Stierffall säi Brudder Akishino den Troun iwwerhuelen - zweeten an der Trounfolleg ass him säi Jong Hisahito.
Haut viru 60 Joer stierft den Dënnen - de gebiertegen Englänner Stan Laurel gëtt zesumme mam Oliver Hardy als Acteur- a Komikerduo Décken an Dënne weltberüümt. Sympathie a Nostalgie kommen och op, wann et ëm de Peter Lustig geet. De Löwenzahn-Moderator geet haut viru 9 Joer vun eis.